arrow_back_ios
Album vun der Woch
Geschichten aus der Liewensmëtt
D'Britpop Legende Blur maachen aus hirem néngten Album een Understatement-Monster. De Sound: klassesch, prezis. D'Melodien: déi matrappen. D'Texter: Geschichten aus der Liewensmëtt. Zéng Songs an eng relativ kuerz Lafdauer, alles an engem resignéierten, batterséissen Toun. Et schéngt bal, datt dës Lidder ëmsou méi tréischten, well se keng Léisung proposéieren, fir de Passage vun der Zäit op eemol ok ze maachen - oder ze behaapten, all d'Léiere wiere gezu ginn.
De Marc Clement mat Detailer