Klassik aktuell
Op Tournée fir den 10. Gebuertsdag
9 min
De Carl Vallin spillt scho Gei, zanter datt hie fënnef Joer huet. Haut ass hien de Konzertmeeschter bei der Royal Swedish Opera. Donieft huet hien och säin eegenen Orchester gegrënnt. Een Orchester, deen hien net vum Dirigentepult aus dirigéiert, mee vu senger Plaz aus an der éischter Rei vun de Geien. A säin Orchester feiert dëst Joer den zéngte Gebuertsdag. Spaass steet hei am Fokus - et soll de Museker:innen Spaass maachen, an dee Spaass soll sech dann op de Publikum iwwerdroen.
Dëse Freideg (04.08.) ass den Orchester fir d'alleréischt Kéier zu Lëtzebuerg - fir ee Concert am Park vun der Villa Vauban. D'Marie Schockmel huet sech mam 27-Joer jonke Museker iwwer säin Orchester an de Concert zu Lëtzebuerg ënnerhalen.