Genuddels a Gejiips
De Paul Dahm
60 min
Bei Dahms ass den Apel net wäit vum Stamm gefall. De Paul Dahm ass eisem laangjärege Mataarbechter Pit Dahm säi Papp. Mee dowéinst ass hien net bei eis. Hie schwätzt nämlech exklusiv vun Opnamen, déi virum Pit senger Gebuert entstane sinn a liwwert soumat eng enorm räichhalteg a wichteg Bestandsopnam vun der Lëtzebuerger "Jazz"-Zeen aus den 1970er an 1980er Joren.
Et sinn Opnamen, déi analog op Band opgeholl an duerno vum Paul Dahm digitaliséiert goufen. Vun der Kolléisch-Big-Band iwwer Opus 73 (kee Schreiffeeler), der Big Band vun der Militärmusek bis zu Opname mam Fausti, Pulsation, Saxy Four a vill méi ... de Paul Dahm huet vill ze zielen!
Presentéiert vum Pit Dahm a Pol Belardi.