Klassik aktuell
21 Concerten, dräi Deeg, een Organist
7 min
21 Concerten, dräi Deeg, een Organist - dat ass de Programm vum éischten Uergel-Hallefmarathon un der Musel. An de Mann op der Uergel ass de Matthias Grünert. Bekannt ass hien zanter 18 Joer als Kantor vun der Frauenkirche zu Dresden an och als Dirigent. Nodeems hie schonn emol ee ganzen Uergelmarathon organiséiert huet, ass et elo am Kader vum Mosel Musikfestival 2023 een Uergel-Hallefmarathon.
De Matthias Grünert huet dem Marie Schockmel verroden, wat dat genee ass, a wéi vill dat och mat engem sportleche Marathon gemeinsam huet.