Genuddels a Gejiips
Theo Croker
60 min
Den Theo Croker ass eng vital Stëmm fir déi modern Trompett an der improviséierter Musek. Hien héiert dat och selwer léiwer esou, wéi datt een hien der Kategorie "Jazz" zouschreift, well den Term anscheinend senger Karriär géif schueden. Wéi vill aner jonk Museker kënnt hie gär vun dësem Begrëff ewech an ersetzt en, bis eppes anescht fonnt ass, mat Afro-Futurismus. Esou heescht dann och ee Stéck vum Set "Jazz is Dead". Mat vill Groove, explosiven Improvisatiounen, Samples, Effekter an Energie liwwert hien dem finnesche Public ee Set, dee sech gewäsch huet. Presentéiert vum Pol Belardi.