Album vun der Woch
Jiddweree stierft, wat gëtt et ze verstoppen?
De Will Oldham ass Lidderschreiwer an Acteur, gouf am Kentucky gebuer, a seng Mamm war Professorin a Kënschtlerin. Mat Musek maachen huet hien am Kader vun engem etho-musikaleche Projet op der Uni ugefaangen, deen och seng Faszinatioun mat den alen nordamerikaneschen Traditioune kanaliséiert huet. Vun de fréien 90er u kollaboréiert hie mat ganz vill Museker, vun deenen der haut méi bekannt si wéi deemools. Ab 1998 bréngt hien och Soloplacken ënner dem Numm Bonnie 'Prince' Billy eraus.
Firwat e Prënz, dat ka vläicht de Marc Clement erklären, deen d'Scheif als Album vun der Woch matbruecht huet.