Al Schanken
Osibisa live
60 min
Osibisa ass d’Band ronderëm de Saxofonist Teddy Osei aus dem Ghana - hien huet d’Formatioun 1969 zesumme mat afrikaneschen a karibesche Museker gegrënnt. Alleguer hu si déi Zäit zu London gelieft an hire Mix aus de Wuerzele vun doheem a westlechem Rock an Jazzaflëss hu si als “criss cross rhytms that explode with happiness” bezeechent.
Déi grouss Zäit vun Osibisa war an de Siwwenzeger Joren, wou déi sougenannt World Musek ganz um Ufank stoung. Mee bei der Liewensfreed vun der Band ass de Fonke séier iwwergesprong, besonnesch live. Et gëtt den Teddy Osei (Joergang 1937) weiderhin a speziell fir Summerfestivaller geet hien och an héijem Alter mat ëmmer erëm nei forméierter Band nach op d’Bün.
D‘Opname vum Album “Ayiko Bia“ koume fir d’éischt 1977 um Duebelalbum “Black Magic Night“: Live at the Royal Festival Hall eraus, opgeholl an der Royal Festival Hall zu London.
Playlist:
1. Joe Cocker - Summer In The City (Have A Little Faith, 1994)
2. Santana - Guajira (Santana 3, 1971)
3. John Juke Logan - Dancin’ On The Edge Of A Razorblade (Juke Rhyhm, 2002)
4. Amadou & Mariam - Taxi Bamako (Dimanche A Bamako, 2005)
5. Mano Negra - Out Of Time Man (King Of Bongo, 1991)
6. Manu Chao - Me Gustas Tu (Proxima Estacion: Esperanza, 2001)
7. Amadou & Mariam - Senegal Fast Food (Dimanche A Bamako, 2005)
8. Osibisa - Sunshine Day (live) (Ayiko Bia, 1992)
9. Osibisa - Music For Gong Gong (live) (Ayiko Bia, 1992)
10. Serge Gainsbourg - Marilou Reggae (L’Homme A Tête De Chou, 1976)
11. Fun Lovin Criminals - Up On The Hill (100 % Colombian, 1998)
12. Crosby, Stills, Nash - Dear Mr. Fantasy (CSN box set, 1991)