Al Schanken
Carla Olson a Mick Taylor live
60 min
Am Repertoire vum Duo Carla Olson / Mick Taylor ginn et eng Hellewull Erënnerungen un de Sound an un d’Kompositioune vun de Rolling Stones ... wat kee Wonner ass: den Taylor war bis 1974 Gittarist bei de Stones a gräift hei, zesumme mat der US-Rockfra Carla Olson op eng etlech Nummeren aus där Zäit zeréck. Zesumme stoungen si de 4. Mäerz 1990 am Roxy zu Hollywood op der Bün.
Och viru Publikum presentéiert sech den New Yorker Gittarist Popa Chubby. Vun him héiere mir Tracke vum Otis Redding, Van Morrison a mat “Hey Joe“ eng ural Schank, déi den Jimi Hendrix populär gemaach huet.
Playlist:
1. Chicago - Listen (Album: Chicago Transit Authority, 1969)
2. The Ides Of March - Vehicle (Vehicle, 1970)
3. Blood, Sweat & Tears - Smiling Phases (Blood, Sweat And Tears, 1968)
4. Popa Chubby - Hey Joe (live) (Live At FIP, 2003)
5. Popa Chubby - The Dock Of The Bay (live) (Live At FIP, 2003)
6. Carla Olson & Mick Taylor - Remember That Moon (live) (Live At The Roxy Theatre, 1990)
7. Carla Olson & Mick Taylor - Sway (live) (Live At The Roxy Theatre, 1990)
8. Carla Olson & Mick Taylor - Silver Train (live) (Live At The Roxy Theatre, 1990)
9. The Electric Prunes - Little Olive (single, 1966)
10. 13th Floor Elevators - You Gonna Miss Me (single, 1966)
11. The Animals - House Of The Rising Sun (The Animals, 1964)
12. Popa Chubby - Gloria (live) (Live At The Roxy Theatre, 1990)