Radioen

On air

Palatino FM  |  Palatino FM

play_arrow Live
arrow_back_ios

Al Schanken

100komma7.lu / Al Schanken

/ Special Marianne Faithfull

Special Marianne Faithfull

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow

Mat Live-Opnamen erënnere mir an dëser Stonn un d’Marianne Faithfull. Déi englesch Musekerin an Actrice ass den 30. Januar am Alter vun 78 Joer gestuerwen.
Sämtlech Lidder si vun der Compilatioun “The Montreux Years“, eng Zesummestellung vun Optrëtter um Festival an der Schwäiz tëschent 1995 an 2009. Den “Alabama Song” a “Mack The Knife“ fënnt een um Album “20th Century Blues“ (1996).

Playlist:
1. Why D’ya Do It
2. Madame George
3. Broken English
4. Times Square
5. Sister Morphine
6. Working Class Her
7. Tower Of A Song
8. Mack The Knife
9. Alabama Song
10. Song For Nico

Episoden

In concert

Véier Mol geet et an dëser Stonn an de Concert: ë. a. d‘Amerikanerin Beth Hart ass Invitée vun den zwee Top-Gittaristen Joe Bonamassa a Jeff Beck.
headphones

60 min

play_arrow

Entspaant op Vältesdag

Gemittleche Rock, dacks akustesch virgedroen, relax an ofgehaangen Tracks, vun Zäit zu Zäit e klenge Schotz Groove: op Vältesdag geet et an der Emissioun éischter entspaant zou.
headphones

60 min

play_arrow

Special Marianne Faithfull

Mat Live-Opnamen erënnere mir an dëser Stonn un d’Marianne Faithfull. Déi englesch Musekerin an Actrice ass den 30. Januar am Alter vun 78 Joer gestuerwen.
headphones

60 min

play_arrow

Nick Cave an David Bowie live

Am Juni 2000 war den David Bowie Gaascht vun der BBC an där hirem Music Theatre zu London an am Abrëll ginn et 25 Joer, datt den Nick Cave a seng Band The Bad Seeds den Album “The Good Son” publizéiert hunn.
headphones

60 min

play_arrow

The New Barbarians Live

Hannert dësem Bandnumm verstoppt sech e Side Project vum Rolling Stones-Duo Ron Wood / Keith Richards.
headphones

60 min

play_arrow

Down Macon, Georgia

De Sound vun der legendärer southern rock-Formatioun The Allman Brothers Band ass den Owend omnipresent.
headphones

60 min

play_arrow

Carla Olson a Mick Taylor live

Am Repertoire vum Duo Carla Olson / Mick Taylor ginn et eng Hellewull Erënnerungen un de Sound an un d’Kompositioune vun de Rolling Stones ...
headphones

60 min

play_arrow

Cactus live

Haarde Rock mat engem Schotz Boogie oder Blues - dat war d’Rezept vun der US-amerikanescher Band Cactus, déi aus fréiere Membere vu Vanilla Fudge entstanen ass.
headphones

60 min

play_arrow

Let’s go live!

Mam Eric ‘Slowhand’ Clapton, mat der argentinesch-texanescher Kombinatioun LA Mississippi / Billy F. Gibbons (a ZZ TOP-Repertoire!) a mat Kult aus Australien, dem Angus & Co an hirem éischte Live-Album
headphones

60 min

play_arrow

Zeréck am Ring!

Déi eng hunn no 16 Joer Paus erëm en Album erausbruecht deen - düster a voller Weltschmäerz - iwwerzeegt, déi aner versti sech erëm no munch Divergenzen a ginn op eng direkt ausverkaaften Tour: The Cure an Oasis.
headphones

60 min

play_arrow

Ian Hunter and Calvin Russell live

Mott The Hoople war ufanks de 70er Joren d’Formatioun vum Ian Hunter (Joergang 1939). Support koum deemools vum David Bowie ...
headphones

60 min

play_arrow

Catfish live

Mat Catfish ronderëm de Bandgrënner Bob Hodge kënnt an dëser Al Schanken-Stonn eng net esou bekannte Band an den Asaz.
headphones

61 min

play_arrow

Paul Rodgers live

De Mann aus Middlesbrough zielt zu de grousse Stëmmen am Rockbusiness … a steet bis haut op ausverkaafte Bünen an am Studio: säi bis ewell leschten Album “Midnight Rose” koum am September 2023 eraus.
headphones

60 min

play_arrow

Et geet ëm d‘Lidd

It’s all about the song: op Allerhellege geet et an der Haaptsaach ëm d’Lidd ... an dofir stinn dann och Nimm aus dem Genre Singer/Songwriter op der Playlist.
headphones

60 min

play_arrow

It’s only rock’n’roll…

…but I like it: de Songtitel aus dem Rolling Stones Album mam selwechten Numm aus dem Oktober 1974 kéint duerchaus och de Motto vun hirer Karriär sinn.
headphones

60 min

play_arrow

Bob Dylan – live & revisited

Den 28. Oktober kënnt de Bob Dylan, no sengem Optrëtt am Abrëll 2017, eng weider Kéier an d‘Rockhal. An den Ale Schanken proposéiere mir Extraiten aus zwee Live-Albumme vun him an eng etlech Coverversiounen.
headphones

60 min

play_arrow

Calexico live

“Feast Of Wire” ass dee 4. Studioalbum vun der US-Indie-Band Calexico, déi reegelméisseg Tex-Mex-Kläng an hire Kompositiounen derbäi hunn. Hir Heemechtsstad Tucson/Arizona ass net ze iwwerhéieren.
headphones

60 min

play_arrow

Eng nei Saison fir déi al Schanken!

Beim Grëff an déi musikalesch Archivkëscht kënnt Dir Lidder “vun deemools“ erëmhéieren oder awer nei entdecken. Et si bekannten Nimm derbäi an där, déi scho bal an de Vergiess gerode sinn ...
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow