arrow_back_ios

Al Schanken

100komma7.lu / Al Schanken

/ Lou Reed live

Lou Reed live

Lauschteren play_arrow
headphones

60 min

Dem Lou Reed seng Karriär huet a senger Heemechtstad New York ugefaang. Mëtt de sechzeger Joren war hie Matgrënner vun der Band ‚Velver Underground‘, déi vum Pop Art-Kënschtler Andy Warhol ënnerstëtzt gouf. De Songwriter, Gittarist a Sänger huet 2011 säi läschten Album opgeholl: ‚Lulu‘ ass eng Zesummenaarbecht mat der Band ‚Metallica‘.

An dëser Stonn lafen e puer Live Opnamen vun him, dorënner zwou méi apart Versiounen vu senge Kompositiounen ‚Kicks‘ a ‚Vicious‘. Béid Tracken waren Deel vum Reed sengem Optrëtt 1997 zu London um ‚Meltdown Festival‘ a reduzéieren d’Lidder op dat Essentielt, agespillt am Quartett.


Playlist:

1. Keith Richards – I’m Waiting For The Man (The Power Of The Heart: A Tribute To Lou Reed, 2024)

2. Lou Reed – Sweet Jane (live) (Between Thought And Expression, The Lou Reed Anthology, 1992)

3. Lou Reed - Vicious (live) (Lou Reed Live, 1975)

4. Felt – Destination (Felt, 1971)

5. Pretty Things – Grass (Parachute, 1970)

6. Manassas – The Treasure (Manassas, 1972)

7. Lou Reed – Kicks (live) (Perfect Night: Live In London, 1998)

8. Lou Reed – Vicious (live) (Perfect Night: Live In London, 1998)

9. Ten Years After – Hear me Calling (Stonedhenge, 1969)

10. Ten Years After – I’d Love To Change The World (A Space In Time, 1971)

11. J.J. Cale – Roll On Mama (Number 10, 1992)

Episoden

Let’s go live!

Vill Live-Opnamen an dëser Stonn Al Schanken
headphones

184 min

play_arrow

Jones Gang & Jeff Beck live

Zwou Rock Ikonen am Concert
headphones

184 min

play_arrow

Let’s groove!

Net nëmmen beim 2020 verstuerwene Bill Withers a senge Live-Opnamen aus dem Joer 1973 steet de Groove am Mëttelpunkt - an deen ass an dëser Stonn omnipresent ...
headphones

184 min

play_arrow

Soul and Funk

De Grëff an déi musikalesch Archivkëscht geet dës Kéier a Richtung Soul a Funk ...Genren, déi besonnesch an de Siwwenzeger Joren grouss erauskoumen a via d’USA exportéiert goufen.
headphones

184 min

play_arrow

Let’s go live!

Vill Live-Opnamen an dëser Stonn Al Schanken
headphones

184 min

play_arrow

Ben Harper live

De 26. Oktober 1997 hat den US-Museker souzesoen en Happy-Birtday-Gig am Atelier: hien ass do 2 Deeg no sengem 28. Gebuertsdag am Quartett opgetrueden ...
headphones

60 min

play_arrow

The Stranglers live

Mam Band-Matgrënner Jean-Jacques Burnel sinn déi englesch The Stranglers haut nach ëmmer aktiv - hien ass awer deen eenzegen Originalmember vun der Formatioun.
headphones

60 min

play_arrow

Psych Pop a Space rock

Mam Dave Brock a senger Formatioun Hawkwind a sengem fréiere Bandkolleeg Nik Turner stinn zwee Pionéier vum Space rock op der Playlist.
headphones

60 min

play_arrow

Dear Jerry

Vill Kolleege vum Grateful-Dead-Frontmann Jerry Garcia koumen am Mee 2015 am US-Bundesstat Maryland fir e sougenannten Tribute-Concert zesumme fir un hien ze erënneren.
headphones

60 min

play_arrow

Lemmy’s side project

headphones

60 min

play_arrow

Klangwelten

Invitatioun fir eng musikalesch Rees uechter verdreemte Soundwelten, Zäit fir d’Kompositiounen, wou manner haart gerockt mee éischter sophistiquéiert musizéiert gëtt.
headphones

60 min

play_arrow

Lou Reed live

An dëser Stonn lafen e puer Live Opnamen vun him, dorënner zwou méi apart Versiounen vu senge Kompositiounen ‚Kicks‘ a ‚Vicious‘.
headphones

60 min

play_arrow

Golden Earring live

Déi hollännesch Band gouf 1961 vun e puer Schoulkolleege an d’Liewe geruff a bestoung bis 2021. Dräi vun hiren éischten Erfolleger hu mir an der Live-Versioun derbäi.
headphones

60 min

play_arrow

Guns N’ Roses live

An dëser Stonn stinn e puer Live-Opname vun der US-Band op der Playlist a ginn esou e Virgeschmaach op den Optrëtt vun Axl Rose, Slash a Co. um Kierchbierg den 28. Juli.
headphones

60 min

play_arrow

Mad Dogs and Englishmen

Mat deem Duebelalbum si mir mam Joe Cocker am Joer 1970 - dëst bei enger éischter wéineg professionell organiséierter Tour, eng ustrengend an deier Tour.
headphones

60 min

play_arrow

In concert

Mir ginn dës Stonn véier Mol an de Concert - eis Affichen heeschen Talk Talk, Paul Weller, Jean-Louis Murat a Lucinda Williams.
headphones

60 min

play_arrow

Fluid architecture

D’Lidd steet an der éischter Rei ... an et ass de Stoff fir Geschichtenerzielerinnen an - Erzieler, déi erlieften oder erduechte Momenter op hir eege Manéier vertount hunn.
headphones

60 min

play_arrow

Technicolour Dreams

Et geet an dëser Stonn virun allem eran an d’Enn Sechzeger mat Tracken, déi dacks vu legalen a besonnesch illegale Substanzen nëmmen esou strotzen.
headphones

60 min

play_arrow

The Pretenders an de Bléck op de Concertskalenner

Déi US-brittesch Band The Pretenders, 1978 gegrënnt, haten éischt Hallschent vun den 80er weltwäit eng etlech Erfolleger an den Charts ze verbuche sinn - dräi dovunner lafen an dëser Stonn an de Live-Tracken.
headphones

60 min

play_arrow

Jerry Garcia live

De Bandleader vun der legendärer US-Jamrock-Formatioun Grateful Dead huet och mat eegener Band an a villen Zesummenaarbechte Placken erausbruecht, laang Stécker, mat villen Improvisatiounen.
headphones

60 min

play_arrow