Album vun der Woch
Generéis bis an de Kär
6 min
D’Meshell Ndegeocello ass Joergang 68 a Bassistin zanter de spéiden 80er, wou si mat hirer androgynner Persona go-go Funk-Bands onsécher gemaach huet, a fir d’Madonna an den Tupac gespillt huet. Iwwer d’Joren hu feministesch a gender-spezifesch Thematiken déi bisexuell Musekerin zu enger musikalescher Aktivistin gemaach. Hiren zweeten Album um Blue-Note-Label, “No More Water - The Gospel of James Baldwin” ass en Hommage un ee Virgänger vun hir an dëser Cause - de schwaarzen a schwulen Auteur James Baldwin, deen den 2. August, wéi d’Plack erauskoum, 100 Joer al gi wier.
Presentéiert vum
- Marc Clement