No enger Paus vun aacht Joer brénge Primal Scream awer nach en Album eraus. De Frontmann Bobby Gillespie huet sech 2019 eleng mat enger Akustikgittar dohinner gesat an Texter geschriwwen. Deemools wosst hie selwer nach net, datt dorauser géing den neie Primal Scream Album entstoen. Nodeems hie sech de Gittarist Jim Beattie an ale Produzente-Kolleeg David Holmes mat an d’Boot geholl huet, war dunn awer zimmlech séier kloer, datt hei en neien Album vun der Band an der Maach wier.
arrow_back_ios
Album vun der Woch
Primal Scream - Come Ahead
headphones
12 min
Lauschteren
play_arrow

mic_none
Presentéiert vum
- Cally Kerschen
Episoden
Japanese Breakfast - For Melancholy Brunettes (& Sad Women)
Japanese Breakfast mellen sech mat hirem véierten Album “For Melancholy Brunettes (& Sad Women) zeréck. Een eklekteschen Disk op deem d’Melancholie als séissen Zockergoss opgedroe gëtt.
Courting - Lust for Life, Or: 'How to Thread the Needle and Come Out the Other Side to Tell the Story'
Eng perfekt gebitzte Spaass-Plack
Lady Gaga - Mayhem
D'"Mama Monster" geet erëm zeréck an hir Vergaangenheet a bei hir Pop-Wuerzelen, ouni awer eng reng Kopie vun hirem fréiere Personnage ze sinn. En Album, deen an de Medie vill beschwat a gefeiert gëtt, an dat zu Recht.
Divorce - Drive to Goldenhammer
E groussaartegen Debutalbum vun dëser brittescher Band, déi Indie Rock mat Folk, Country an experimentellen Aflëss verbënnt.
Saya Gray - SAYA
Op hirem zweeten Album “Saya” liwwert déi japanesch-kanadesch Musekerin Saya Gray Art-Pop an d’Péng vun engem gebrachenen Häerz.
Tocotronic - Golden Years
Op hirem 14. Album vermëttelen déi däitsch Indie-Rock-Legenden Trouscht an Hoffnung an düsteren Zäiten.
Mereba - The Breeze Grew a Fire
Wann Nostalgie op eemol Loscht op d’Zukunft mécht.
Sharon Van Etten and The Attachment Theory
No zwee Joerzéngten als Solo-Kënschtlerin presentéiert sech d‘Sharon Van Etten op hirem neien Album "Sharon Van Etten & The Attachment Theory“ mat Band.

Eddie Chacon - Lay Low
Mat sengem drëtte Soloalbum “Lay Low” presentéiert den amerikanesche Museker Eddie Chacon e ganz minimalistesche Soul Disk iwwer de Verloscht an d’Hoffnung.
FKA Twigs – EUSEXUA
Mat richtegem Numm Tahliah Debrett Barnett, mellt sech déi brittesch Kënschtlerin no enger fënnef Joer Paus zeréck. An dat mat engem Club-Record, an dem d'Grenze vun elektronescher Musek aus getest an och gesprengt ginn.
The Weather Station - Humanhood
Eng Rees duerch watteg Klanglandschaften an deene Baussen- a Bannewelten matenee verschmëlzen
Franz Ferdinand - The Human Fear
D'Band ronderëm den Alex Kapranos bitt hei nees de gewinnten Humor a flott Refrainen.
MJ Lenderman - Manning Fireworks
Op “Manning Fireworks” presentéiert den MJ Lenderman Indierock mat Country-Afloss an absurde Lyrics tëschent Witz an Trauregkeet. Een Highlight vun 2024

White Denim - 12
Ee groussaartege Flickenteppech

Autumn Sweater - Adult Life
Op “Adult Life” presentéiert déi Lëtzebuerger Formatioun Autumn Sweater poppegen Indierock iwwer d’ErwuessesinN.

Homer - Ensatina
Als Batteur huet den Homer Steinweiss de Retro Soul-Sound vun Adele an Charles Bradley mat gepräägt. Op sengem Debutalbum "Ensatina“ weist hie sech vu senger ganz perséinlecher Säit.

Jackie Moontan - The Dark Side Of The Tanning Bed
Gittaren, déi huerelen, smoothe Crooning, batterséiss Pianosballaden an eng gutt Portioun Soul a Funk. Esou presentéiert sech de Lëtzebuerger Kënschtler Jackie Moontan op sengem Debutalbum.

Primal Scream - Come Ahead
D'Band bréngt no enger Paus vun aacht Joer en neien Album eraus, an dës Kéier si mir am Funk ënnerwee!

The Cure – Songs of a Lost World
En Album mat mat goteschem Rock a Reflexiounen iwwer Doud a Vergänglechkeet.
