arrow_back_ios

Aus dem Liewen

100komma7.lu / Aus dem Liewen

/ (KJT) Kanner-Jugendtelefon

(KJT) Kanner-Jugendtelefon

Lauschteren play_arrow
headphones

6 min

Virstellung Elterentelefon vum KJT den 8002 4444

Am Oktober d’lescht Joer krut den Elterentelefon eng nei Nummer, den 8002 4444, an domat stelle sech eng ganz Rei Froen.

Firwat eng nei Nummer? Firwat gëtt et den Elterentelefon? Wien notzt deen? Wie sinn d’Beroder? Ass den Elterentelefon och anonym a vertraulech? Wéini kënnen d’Elteren sech heihi wenden? Wéini soll ech mir als Elterendeel Suerge maachen a mir Hëllef siche goen? Wéini kann ech net un den Elterentelefon uruffen?

Kann ech mech als Bomi oder Bopi, Tatta oder Monni och u si wenden? A kënnen och Professioneller sech heihi wenden?

D’Äntwert ass ganz kloer “Jo”. Jiddereen, deen a Kontakt ass mat engem Kand, als Bezéiungsberechtegten, als Vertrauenspersoun sech vläicht Suerge mécht oder sech Froe stëllt ëm e Kand, si all sinn hei wëllkomm.

“D’Eltere kënne sech mat all Fro, all Suerg, all Theema un eis Wenden, déi Family a Co. betreffen. Mir soen ëmmer ‘Kee Problem ass ze kleng, keen ze grouss’. Ëmmer wann déi kleng Boule am Bauch sech manifestéiert, een esou en ongutt Gefill huet, d’Gedanken sech am Krees dréien, d’Suergen een net méi lassloossen, Dir Iech iwwerfuerdert fillt, da bleift net eleng. Huelt den Telefon a rufft un”.

D’Beroder kennen op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch beroden. Engleschsproocheg Eltere sinn op eiser ganz neier engleschsproocheger Permanence wëllkomm, déi ëmmer méindes owes vun 18-20 Auer ass, oder si kennen eis och online kontaktéieren.

Hei ass en Team vu spezifesch ausgebilten engleschsproochege Benevollen, déi gären hëllefen.

“Mir ginn Elteren eng Orientéierung, beroden si, a kënne si gegeebenefalls och weiderleeden un déi richteg Ulafstellen hei zu Lëtzebuerg”.

Méi Informatioune ginn et mat der Aline Hartz, Chargée de direction vum KJT (www.kjt.lu).

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Naturmusée

Am Musée gëtt gewisen, wéi Déieren a Planzen sech un extreem Bedéngungen adaptéieren. Do steet och e Modell vun der aussergewéinlecher Planz purpurrouder Saxifraga oppositifolia.
headphones

6 min

play_arrow

ZEV Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht.

Argumenter aus der Psychologie firwat Sozial Medie fir Jugendlecher ënner 16 Joer ongesond kenne sinn.
headphones

8 min

play_arrow

CID | Fraen an Gender

Och dëst Joer gëtt et den 8. Mäerz erëm eng Marche Féministe duerch d’Stad am Kader vum internationale Fraerechtsdag.
headphones

6 min

play_arrow

Erzéiungs- a Familljeberodung

Erzéien ouni Strofen- Geet dat?
headphones

5 min

play_arrow

Deepnudes

Wéi mat Hëllef vu KI ugedoe Persounen op Fotoen d’Kleeder ausgedoe kréien an esou aus normale Fotoe gefälschte ginn a wat Dir dogéint maache kënnt.
headphones

6 min

play_arrow

Kannermusée Plomm

Participatioun am Alldag
headphones

4 min

play_arrow

Gero-Kompetenzzenter fir den Alter

Rendez-vous Bénévolat 60+. D’Foire du Bénévolat bréngt den Engagement direkt bei d ‘Leit.
headphones

6 min

play_arrow

Familljen-Center

Workshop: Mindfull flow
headphones

4 min

play_arrow

EwB - ErwuesseBildung

Schule des Sehens - Urban Skteching Workshops mat der Architektin Jill Ries
headphones

5 min

play_arrow

MIFA - Ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble ...

Autonoomt Wunne fir Mënsche mat enger Behënnerung
headphones

5 min

play_arrow

Naturmusée

Et geet ëm dee schwéierste Som an der Planzewelt. Dee Rekord gehéiert der Palm Lodoicea maldivica. Een Exemplar ass och am Naturmusée ze gesinn.
headphones

6 min

play_arrow

ZEV - Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht

Fitness Apps und Self-Tracking: Zwischen Motivation und Belastung
headphones

7 min

play_arrow

CID | Fraen an Gender

Zanter 2024 bitt de CID | Fraen a Gender Atelieren an de Stater Primärschoulen zu de Sujeten “Schéinheetsdrock a Sozial Medien“ an “How to: Gleichberechtigte Beziehungen“ un.
headphones

5 min

play_arrow

Erzeiungs- a-Familljeberodung

Weeër fir den Zougang bei d'Buch
headphones

4 min

play_arrow

Bee Secure

KI Companions: e Frënd oder en Tool? Wéi Jonker an Eltere mat dësen Chatbots méi sécher a méi kritesch kënnen ëmgoen.
headphones

7 min

play_arrow

Kannermusée Plomm

Partizipativ Projeten – GEENZEFFITI
headphones

7 min

play_arrow

GERO - Kompetenzzenter fir den Alter

PAC After Work Life Balance / Workshop II
headphones

5 min

play_arrow

Familljen-Center

D’Fro no engem Sënn am Liewen ass eng philosophesch Fro, déi vill Meschen beschäftegt. Anerer setzen sech guer net mat dem Thema auseneen. Wat ass dann elo dee richtege Wee?
headphones

6 min

play_arrow

EwB - ErwuesseBildung

Workshop „Fake News & KI“
headphones

5 min

play_arrow

Initiativ Liewensufank

Pikler-Pädagogik – Fräi Entwécklung vun Ufank un
headphones

6 min

play_arrow