D’Kanner sinn d’Experte vun hirer Liewenswelt, mee fir Kannerparticipatioun och ze liewe brauch et e Raum an eng oppen Haltung vun alle Bedeelegten. D’Kanner an déi Erwuesse mussen e Verständnis vu Participatioun entwéckelen a fäeg sinn, d’Recht op Participatioun ze erkennen an ëmzesetzen. Kannerparticipatioun ass e laangfristegen an nohaltege Prozess, deen net nëmmen zäit- mee och ressourcenintensiv ass.
De Participatiounsniveau vu Kanner gëtt beaflosst vum Alter vun de Kanner an hire jeeweilege Kompetenzen. Vu 6 Joer u kann een de Kanner beispillsweis scho Raum fir Dialog an Diskussioun schafen an zesumme mat hinnen Alldagssituatioune gestalten. Wat si méi al ginn, wat si och ëmmer méi dra gefërdert kënne ginn hir Bedierfnisser, Meenungen an Interesse matzedeelen. Informatiounen ginn et vun der Directrice vum Kannermuséee Plomm, Manon Eicher.