Am Naturmusée, hannen um éischte Stack, gëtt gewisen, wéi Déieren a Planzen sech un extreem Bedéngungen adaptéieren. Do steet och e Modell vun der purpurrouder Saxifraga oppositifolia - enger aussergewéinlecher Planz, déi Rekorder brécht: Si gëllt als déi Bléieplanz, déi op de keelste Plaze vun der Welt wuessen a bléie kann, och bei Temperature bis zu -40 Grad.
Lauschtert wéi dës kleng, awer impressionnant Planz sech mat raffinéierte Strategien un extreem Liewensraim ugepasst huet - op der Limitt vum Liewen.