Beim GERO ginn et vill Méiglechkeeten, sech benevole ze engagéieren.
Aktuell lafe fënnef Benevolatsprojeten, déi d’ganzt Joer iwwer nei Leit sichen. Dozou gehéieren intergenerationell Projeten an de Schoulen, Sécherheetsberoder:innen a Kooperatioun mat der Police, de Video-Erënnerungsprojet DEEMOOLS, de Pensiounscoach fir den Iwwergang an d’Pensioun an d’Silversurfer mat ganz ënnerschiddleche Profiller.
All Projete bidde Formatiounen, Begleedung an en éischten Interview.
D’Zil ass et, Benevolat flexibel, sënnvoll a valoriséierend ze gestalten an d‘Kompetenze vun de benevolle Leit optimal anzesetzen. Explikatioune mam Alain Brever Direkter vum GERO - Kompetenzzenter fir den Alter
Event:
Vum 9. bis 11. Abrëll ass de Rendez-vous Bénévolat 60+.
Bei der Foire du Bénévolat an engem Shoppingzenter zu Bartreng ginn ASBLen a Servicer invitéiert, fir hir Benevolatsmissiounen an enger Foire-änlecher Manéier virzestellen.