Dee klenge verstoppte Gaart „Ënner dem Kiischtebam“ nieft dem Naturmusée ass elo zënter just engem Joer fir de Public op. Hei fënnt een en naturnoe Blummegaart mat souwuel gäertnereschen Zierstauden wéi och villen eenheemesche Wëllstauden, esou datt do dat ganzt Joer iwwer eppes blitt. Wéi an all Gaart sinn eng ganz Rëtsch vun deene schéine Planze gëfteg an et sollt ee se net iessen. Den Naturmusée huet awer drop opgepasst fir Planzen ze benotzen, déi ouni den Asaz vu cheemesche Pestizide produzéiert goufen. Schliisslech sollen dës Planze jo eisen Insekten e Liewensraum bidden an net hir Ëmwelt vergëften. Méi Informatiounen huet den Thierry Helminger vum Naturmusée.
arrow_back_ios
Aus dem Liewen
Naturmusée
Lauschteren
play_arrow
headphones
6 min
mic_none
Presentéiert vum
- Pit Walté
Episoden
Naturmusée
Kee Gëft an de Gaart! De Gaart "Ënner dem Kiischtebam" vum Naturmusée
ZEV - Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht
Wenn Jugendliche selbst einen Podcast gestalten, um Wege zu einem gesunden Umgang mit ihrer digitalen Welt zu finden.
CID | Fraen an Gender
De Wee fir op d’Aarbecht - méi wéi just am Stau stoen
Erzeiungs- a Familljeberodung
Kanner brauche Pappen - Firwat d’Relatioun tëschent Papp a Kand esou wichteg ass.