Fraen als Affer, déi sech net physesch géint Aggressioune wiere kënnen, net wiere sollen - dat Bild akzeptéiert d’Andrea Böhm net!
Déi erfueren däitsch Journalistin ass jorelaang als Auslandskorrespondentin a Krichsreporterin ëm d’Welt gereest. Si ass uechter d’Kontinenter enger Hellewull u Frae begéint, déi sech am Alldag der Gewalt ënner all hire Formen hu missen upassen. Och d’Geschicht liwwert genuch Beispiller vu Fraen, déi sech näischt gefale gelooss hunn; Fraen, déi sech allméiglech Kampftechniken ugëeegent hunn; Fraen, déi fir hir Rechter gekämpft hunn.
Iwwer all dës Kämpferinne vu gëschter an haut liest een an der Andrea Böhm hirem Essai “Fighting Like a Woman. Die Geschichte der Frauen, die zurückschlagen” (Rowohlt Verlag).