Concert
De Requiem vum Gabriel Fauré
Fir vill Mënsche bréngt den November och Deeg vun der Besënnung.
Vun de Londoner Proms iwwerdroen den opus a radio 100,7 de Requiem vum Gabriel Fauré, e Wierk, dat hien 1888 als Undenken u seng verstuerwen Eltere komponéiert huet. Eng Doudemass, déi nei Téin uschléit: dat martialescht “Jüngste Gericht“ vum “Dies Irae“ léisst de Komponist hei op der Säit a schreift e Wierk, dat d’Mënschen tréischte soll. Déi einfach Melodien, inspiréiert vun der Gregorianik, léisst de Fauré a subtillen an harmonesche Faarwen opbléien.
Donieft stoungen um Programm vum BBC Symphony Orchestra a Chouer - ënner der Leedung vum Stéphane Denève - zwee reliéis inspiréiert Wierker vun der jonk verstuerwener Lili Boulanger: “Pie Jesu“ a “Vieille prière“. D’Lili Boulanger war déi éischt Fra, déi de renomméierte Prix de Rome gewonnen huet. E weidert Stéck um Programm ass e richtegt Meeschterwierk vum franséischen Impressionismus: d’Orchestersuite vun “Daphnis et Chloé” vum Maurice Ravel.
Programm:
Lili Boulanger - Pie Jesu
Gabriel Fauré - Requiem, op.48
Gabriel Fauré - Suite aus “Pelléas et Mélisande”, op.80
Lili Boulanger - Vieille prière bouddhique
Maurice Ravel - Suite Nr. 2 , aus “Daphnis et Chloé”
Interpreten:
Golda Schultz, Sopran
Jacques Imbrallo, Bariton
Laurence Kilsby, Tenor
BBC Symphony Chorus
BBC Symphony Orchestra
Stéphane Denève, Direktioun
Presentéiert vum
- Joachim Fontaine