Concert
Julia Fischer an der Kölner Philharmonie
De 26. Januar 2024 huet déi weltberüümt Geiistin Julia Fischer zesumme mam WDR Sinfonieorchester a sengem Chefdirigent Cristian Măcelaru e Concert an der Kölner Philharmonie gespillt. Um Programm sti véier verschidde Komponisten: Tschaikowski, Suk, Bartók an Dvořák.
Nolauschtere kënnt Dir dëse Concert an eiser Mediathéik nach bis den 3. Dezember 2024.
Programm:
- Pjotr Iljitsch Tschaikowski (1840-1893): Sérénade mélancolique a Si bémol Mineur, op.26
- Josef Suk (1874-1935): Fantasie fir Gei an Orchester a Sol Mineur, op.24
- Béla Bartók (1881-1945): Siebenbürgisch, aus de “44 Duos for Violin” (Zugab)
- Antonín Dvořák (1841-1904): Sinfonie Nr. 7 a Re Mineur, op.70
- Antonín Dvořák: Polka, aus der “Bohemian Suite”, op.39 (Zugab)
Interpreten:
- WDR Sinfonieorchester
- Cristian Măcelaru, Direktioun
- Julia Fischer, Gei
Presentéiert vum
- Marie Schockmel