Concert
De Rising Star Sào Soulez Larivière
De Braatschist Sào Soulez Larivière steet mat senge Mëtt zwanzeg Joer nach an de fréie Jore vu senger Carrière. An trotzdeem gouf hien zum "Young Artist of the Year 2023" gewielt an huet och den ICMA Award gewonnen.
De Museker, deen aktuell zu Berlin wunnt, ass dëst Joer dann och als ee vun de Rising Stars aus dëser Saison vun ECHO, der European Concert Hall Organisation, nominéiert ginn. Domat haat hien d'Chance mat am ganze 17 Concerten duerch di verschiddenst Concertshaiser an Europa ze touren.
Programm:
Rebecca Saunders (1967- )
- Hauch II
Robert Schumann (1810-1856)
- Märchenbilder op.113
Igor Stravinsky (1882-1971)
- Elegy fir Braatsch
Dmitri Schostakovitch (1906-1975)
- Sonat fir Braatsch a Piano
Interpreten:
- Sào Soulez Larivière, Braatsch
- Julia Hamos, Piano
Presentéiert vum
- Lex Kauffmann