Concert
Een Owend mat Tchaikowski
Den éischte Pianoconcert vum Tschaikowski- mam spuenesche Pianist Josu de Solau an dem Tschaikowski senger "Manfred-Sinfonie".
Musek inspiréiert vu Geeschter a grujelegen Naturlandschaften an enger Gedicht-Virlag vum Lord Byron. An ee Wierk, dat fir grouss Ouerewuerm-Qualitéite suergt.
Zu Liefzäiten huet een dës Meenung awer net onbedéngt gedeelt. Den Nikolaj Rubinstein huet et "aarmséileg" fonnt, fir de Stardirigent Hans von Bülow war et "ëmwerfend vollend".
Ee Concert aus dem Teatro monumental vu Madrid vum RTVE Sinfonieorchester.
Um Pult vum Sinfonieorchester vum spuenesche Rundfunk steet de Christoph König, Chefdirigent vun de Solistes Européens, Luxembourg.
Programm:
Pjotr Iljitsch Tschaikowski (1840-1893)
- Manfred-Sinfonie op.58
- Klavierkonzert Nr.1 b-moll op.23
Interpreten:
- Josu de Solaun, Piano
- RTVE Sinfonieorchester
- Christoph König, Dirigent
Presentéiert vum
- Joachim Fontaine