Radioen

On air

Notturno  |  Tapir! - My God

play_arrow Live
arrow_back_ios

Concert

Musek a Kultur / Concert

/ Concert a Commemoratioun vum Holocaust

Concert a Commemoratioun vum Holocaust

Am Mierscher Theater huet d'Militärmusek den 22. Januar 2025 e Concert gespillt fir den 80. Joresdag vun der Befreiung vun Auschwitz an am Kader vum Internationalen Dag vun der Commemoratioun vum Holocaust. Organiséiert huet deen d'ASBL MemoShoah Luxembourg. Um Programm stoung Musek vun aacht verschiddene Komponisten, a mat dobäi waren der och zwee aus Lëtzebuerg: de Marco Pütz an de Georges Sadeler. Op der Bün stoungen dofir net nëmmen d'Museker:innen vun der Militärmusek, mee och nach zwee Solisten: de Geiist Yanis Grisó an de Sänger Charles Suberville.

Programm:
Erich Wolfgang Korngold (Arr. Jean-Pierre Haeck): King’s Row Fanfare - Militärmusek 
Johannes Sterts : Bachseits
Georges Sadeler : Hymn of Hope
Marco Pütz: “Die Judenbuche“ (aprés le roman de Annette von Droste-Hülshoff)
John Williams (Arr. Calvin Custer): Theme from Schindler’s List Yanis Grisó, Gei
Jean Ferrat (Arr. Paul Dahm): Nuit et Brouillard Charles Suberville, Gesang
Jerry Bock (Arr. Ira Hearshen): Symphonic dances from “Fiddler on the rof”
Stephen Melillo: I Shall Hear in Heaven
Stephen Melillo: I Hear Now in heaven

Interpreten:
Lëtzebuerger Militärmusek
Lt-Col Jean-Claude Braun, Direktioun 
Yanis Grisó, Gei
Charles Suberville, Gesang

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

E Requiem wéi keen aneren

Dem Gabriel Fauré säi Requiem: e Wierk, bei deem den Doud net nëmmen negativ a schwéierfälleg ass. D'Doudesmass gëtt duerch méi liicht Motette vum Bruckner a Fauré opgelockert.

Kammermusek fir den Ouschterbrunch

De Quatuor de Luxembourg spillt Haydn a Grieg am Kammermusekssall vun der Philharmonie.

100 Joer Swedish Radio Choir

En a cappella-Concert mat schweedeschen an aneren europäesche Komponiste vun der Renaissance bis haut

Sayako Kusaka and friends

Déi japanesch Geiistin Sayako Kusaka presentéiert Musek vu Bach, Mahler, Clara a Robert Schumann.

Hommage un d'Sofia Gubaidulina

Dës Emissioun ass en Hommage un d'Komponistin Sofia Gubaidulina, déi den 13. Mäerz 2025 gestuerwen ass.

Romantesch Téin aus der Philharmonie

D’Frënn vun de Lëtzebuerger Philharmoniker invitéieren op e Kammermusiksconcert mat fréiromantesche Wierker vu Schumann, Mozart a Weber.

Hommage un de Vladimir Valek

Dëse Concert setzt sech zesummen aus verschiddenen Opnamen vum Prager Radio Symphonieorchester ënnert der Leedung vun sengem laangjährege Chefdirigent, dem Vladimir Valek.

Op de Spuere vu "Carmen"

D'Oper "Carmen" begeeschtert de Public ëmmer op en Neits, mee och déi zwou Carmen Orchestersuitte kennen e grousse Succès. An dës sinn net déi eenzeg gefeiert Wierker an dësem Programm.

"Wir sind wie zwei Brüder"

Den Cellist Alexander Hülshoff an de Pianist Andreas Frölich spillen de 27. Januar 2025 ee Concert an der Philharmonie, um Mozart sengem Gebuertsdag an um Internationale Gedenkdag un d'Affer vum Holocaust.

Galaconcert SOS Weltkannerdierfer

Ee Concert an der Philharmonie am Kader vum Galaconcert fir d'SOS Weltkannerdierfer den 12. Dezember 2024. D'Lëtzebuerger Philharmoniker spillen zesumme mam jonken ukrainesche Geiist Dmytro Udovychenko.

Franz héich 2

Dem Franz Schubert seng éischter manner bekannte Sinfonie Nr. 6 trëfft op dem Franz Berwald seng 2. Sinfonie mam Bäinumm "La Capricieuse". Zwee Wierker, déi laang Zäit ënnerschat goufen.

Zäitrees an d’Wiener Klassik

Mir maachen eis op de Wee an eng europäesch Haaptstad, déi d’Museksgeschicht iwwer Joerhonnerte staark gepräägt huet, mat Wierker vu Mozart a Beethoven.

Concert a Commemoratioun vum Holocaust

Optrëtt am Mierscher Theater am Kader vum 80. Joresdag vun der Befreiung vun Ausschwitz mat der Lëtzebuerger Militärmusek

100 Joer Pierre Boulez

De Pierre Boulez ass virun allem bekannt als Komponist vun Neier Musek. Als Dirigent huet hie sech awer engem méi traditionelle Repertoire gewidmet.

An der Welt vun de Märercher

Musikalesch Märercher aus 1001 Nuecht an den 1. Celloconcerto vum Schostakowitsch

Vu Montfort op Saint Germain

Franséischen Impressionismus vun Debussy a Ravel mat dräi Professeren aus dem Stater Conservatoire.

Händel, Rameau a Mozart treffen op d'Louise Farrenc

E Programm, dee sech ronderëm den Dag vun der Aler Musek dréit.

Concert aus de Schwäizer Bierger

Dee weltberüümte Schwäizer Flüttist Emmanuel Pahud spillt dem Mozart seng bekannte Quartetter fir Flütt.