Radioen

On air

Benny Brown Show  |  Benny Brown Show

play_arrow Live
arrow_back_ios

Concert

search / Concert

/ Franz héich 2

Franz héich 2

Souwuel de Franz Schubert wéi och de Franz Berwald ware Komponisten, deenen hiert Liewenswierk eréischt laang no hirem Doud wierklech opgeschafft, gespillt a wäertgeschat gouf. Déi zwee verbënnt nieft hirem Numm a Schicksal awer och d'Verbonnenheet mat der romantescher Klangwelt. De Schubert huet sech laang Zäit éischter mat klenge Besetzunge wéi Pianosstécker oder Lieder beschäftegt an ass bis haut virrangeg fir dës bekannt. Seng Sinfonië sinn Zäit senges Liewens bal guer net ëffentlech opgeféiert ginn, esou datt hie se zimmlech sécher ni selwer materlieft huet. Och dem Berwald seng Wierker goufen a Schwede laang net appreciéiert, esou gouf och seng "Sinfonie capricieuse" méi wéi 70 Joer no hirer Kreatioun uropgeféiert.


Béid Sinfonien, dem Schubert seng "Kleng an Do Majeur" an dem Berwald seng "Sinfonie capricieuse" iwwerzeegen nieft hirem romantesche Gehalt duerch hir Sprëtzegkeet a fulminant-feierlech Passagen. Interpretéiert ginn dës zwee net esou dacks gespillte Wierker vum Swedish Radio Symphony Orchestra ënner der Leedung vum Herbert Blomstedt.

Dëse Live-Matschnëtt gouf vum Sveriges Radio an der Berwaldhallen opgeholl.


Lauschtere kënnt Dir dëse Concert nach bis de 27. Abrëll 2025 an der Mediathéik vum opus 100,7.


Programm:

Franz Schubert (1797-1828): Sinfonie Nr. 6 an Do Majeur, D. 589

Franz Berwald (1796-1868): Sinfonie Nr. 2 a Ré Majeur ("Capricieuse")


Interpreten:

Swedisch Radio Symphony Orchestra

Herbert Blomstedt, Direktioun

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Franz héich 2

Dem Franz Schubert seng éischter manner bekannte Sinfonie Nr. 6 trëfft op dem Franz Berwald seng 2. Sinfonie mam Bäinumm "La Capricieuse". Zwee Wierker, déi laang Zäit ënnerschat goufen.

Zäitrees an d’Wiener Klassik

Mir maachen eis op de Wee an eng europäesch Haaptstad, déi d’Museksgeschicht iwwer Joerhonnerte staark gepräägt huet, mat Wierker vu Mozart a Beethoven.

Concert a Commemoratioun vum Holocaust

Optrëtt am Mierscher Theater am Kader vum 80. Joresdag vun der Befreiung vun Ausschwitz mat der Lëtzebuerger Militärmusek

100 Joer Pierre Boulez

De Pierre Boulez ass virun allem bekannt als Komponist vun Neier Musek. Als Dirigent huet hie sech awer engem méi traditionelle Repertoire gewidmet.

An der Welt vun de Märercher

Musikalesch Märercher aus 1001 Nuecht an den 1. Celloconcerto vum Schostakowitsch

Vu Montfort op Saint Germain

Franséischen Impressionismus vun Debussy a Ravel mat dräi Professeren aus dem Stater Conservatoire.

Händel, Rameau a Mozart treffen op d'Louise Farrenc

E Programm, dee sech ronderëm den Dag vun der Aler Musek dréit.

Concert aus de Schwäizer Bierger

Dee weltberüümte Schwäizer Flüttist Emmanuel Pahud spillt dem Mozart seng bekannte Quartetter fir Flütt.

Hommage un den Danz

Ee Concert als Hommage un den Danz mat der Uropféierung vun "Imbalance" vum jonke Lëtzebuerger Komponist Félix Túrrion Eichler

Multitalent trëfft op Wonnerkand

Mozart an Abel stinn um Concertsprogramm vum Kammerorchester vum rumänesche Radio zesumme mat der Pianistin an Dirigentin Simona Strungaru.

Fir den 100. Gebuertsdag vum Pierre Boulez

De Pierre Boulez als Komponist an als Dirigent

De Ris a säin Nofollger

Ënner dem Titel “Der Riese und sein Nachfolger” presentéiert de Stater Conservatoire Pianostrioe vu Beethoven a Brahms - zwee Komponisten, déi sech zwar ni begéint sinn an awer dacks matenee verglach ginn.

Zwou Uropféierungen

D'Wierk "Bookends" vun der Catherine Kontz a "Blackness, Structures, Exteriors" vum Liam Dougherty. Op der Bün: Cathy Krier an den OCL.

Concert fir den 150. Gebuertsdag vum Ravel

Mam Orchester "Les Siècles" ënner dem Louis Langrée

La France fantastique

De Shanghai Philharmonic Orchestra spillt Wierker vu franséische Komponisten: Bizet, Debussy, Fauré a Franck.

Vum 21. Joerhonnert bis an d'Romantik

De Quatuor Agate war den 10.12.2024 Invité an der Philharmonie fir d'Serie Rising Stars

Martin Rajna in Concert

De 15. November 2024 huet deen zukünftege Chefdirigent vun de Lëtzebuerger Philharmoniker, de Martin Rajna, an der Philharmonie dirigéiert. Ee Concert mat romanteschem Programm an dem Solist Benjamin Kruithof.

Musique pour faire plaisir

Passend zu Fuesent, dem Saint-Saëns säi "Carnaval des Animaux" a säin zäitgenëssesche Pendant, de "Cortège des Animaux" vum Albert Guinovart