E grousst Instrument mat deem dacks Engelen duergestallt ginn, voller Eleganz an Zauber – dat ass d’Harf. Bei dësem Concert "OPL Apéro" aus der Philharmonie héiere mir d’Catherine Beynen, Harfe-Solistin bei de Lëtzebuerger Philharmoniker. Zesumme mat fënnef weidere Musekerinnen a Museker vum Orchester spillt si ënnert anerem franséisch a japanesch Wierker, déi staark inspiréiert si vun der Natur an dem Mier. Alles an allem ass et eng eng ganz bildlech a sënnlech Musek.
Programm:
-
Claude Debussy: Sonat fir Flütt, Braatsch an Harf
-
Tōru Takemitsu: Toward the Sea III fir Braatsch, Flütt a Gittar (Harf)
- George Enescu: Aubade
- Alexander Borodin: Trio fir Sträicher a Sol Mineur
- André Caplet: Conte fantastique
Interpreten:
-
Hélène Boulègue, Flütt
-
Haoxing Liang, Gei
- Nelly Guignard, Gei
-
Viktoriya Orlova, Braatsch
-
Sehee Kim, Cello
-
Catherine Beynon, Harf
Lauschtere kënnt dir dëse Concert, opgeholl vum 100,7, nach bis de 25. Mee 2025 an eiser Mediathéik.