arrow_back_ios

Concert

100komma7.lu / Concert

/ De Klang vu grousse Liewensfroen

De Klang vu grousse Liewensfroen

play_disabled

Wat ass de Sënn vum Liewen? Wat bleift nom Doud nach vum Mënsch oder vun der Musik déi e geschriwwen huet? 


Ënnert dem Titel «Heartbeats» hunn d’Lëtzebuerger Philharmoniker am Februar op e Concert mat zäitgenëssesche Wierker invitéiert, mam Verspriechen, datt en «out-of-the-box» an «thought-provoking» wäert sinn. E soll sech nämlech haaptsächlech ronderëm déi grouss existenziell Froen dréien, déi Komponiste wéi den Charles Ives oder den Dmitri Schostakowitsch sech an hire Wierker gestallt hunn. Ob si ëmmer eng gutt Äntwert drop fonnt hunn – dat lauschtere mir eis an dëser Emissioun un.



D’Häerzstéck vun dësem Concert ass déi lëtzebuergesch Première vum Concerto fir Perkussioun an Orchester mam Titel “A Savage Beat”. De 36-Joer jonke finnesche Komponist Sauli Zinovjev huet dëst Stéck op Commande vun dräi Musiksinstitutiounen, dorënner och d’Lëtzebuerger Philharmonie, geschriwwen. Als Solistin héiere mir déi däitsch-bulgaresch Perkussionistin Vivi Vassileva, zesumme mat de Lëtzebuerger Philharmoniker ënnert der Direktioun vun hirem laangjärege Museksdirekter Gustavo Gimeno.



Dir kënnt de Concert, presentéiert vum Tanja Duprez, nach bis de 4. Juni 2025 an eiser Mediathéik nolauschteren.






Programm:

-


Charles Ives (1874-1954): The Unanswered Question (1906-1935)



"The Last Reader" (Andante con moto)



"The See'r" (Scherzo)



"The Unanswered Question" (Largo to Presto)



- Sauli Zinovjev (1988): A Savage Beat. Concerto fir Perkussioun an Orchester (Commande vun der Philharmonie, dem Beethoven Orchester Bonn an dem Wiener Konzerthaus) (–2024)



Arrival



Together



Beat I



Metal



Intermezzo



Beat II

-


Dmitri Schostakowitsch (1906–1975): Sinfonie Nr. 15 a La Majeur op. 141 (1971)






Interpreten:

-


Vivi Vassileva, Perkussioun


-

Lëtzebuerger Philharmoniker



- Gustavo Gimeno, Direktioun

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

The Dream of Gerontius vum Edward Elgar

De Cristian Măcelaru dirigéiert eent vun de Meeschterwierker vum Edward Elgar, säi Vokalwierk "The Dream of Gerontius", an der Kölner Philharmonie.

Dräi jonk Museker um Buerglënster Festival

De Lëtzebuerger Cellist Benjamin Kruithof trëtt mat zwee Frënn op: mam Pianist Marco Sanna a mam Geiist Ruslan Talas

Kammerata Luxembourg am Veianer Schlass

"Ernstes Spiel - gespielter Ernst” ass de Motto vum Ofschlossconcert vun de MusicDays Vianden 2025.

Dem Bach seng Meeschterwierker

De Raphael Pichon mécht säin Debut mat de Berliner Philharmoniker a presentéiert ënner anerem d'Mass a Si bémol Mineur vum J.S. Bach.

D'Lëtzebuerger Philharmoniker bei de Rainy Days 2025

"The orchestra: a body of sound", den Orchester als Klangkierper, dat war de Motto vun engem Concert vun de Lëtzebuerger Philharmoniker bei de Rainy Days 2025.

Rencontre musicale

An der Concertsbeschreiwung gouf scho kloer: dëse Concert ass eng Raritéit. An dat geet schonn aus der Besetzung selwer ervir: Harf mat Blechbléiser.

Fokus op dem Verdi säi Requiem

Ronn 90 Minutte Musek als Undenken un den italieeneschen Auteur Alessandro Manzoni, oder awer un den Gioacchino Rossini?

Galaconcert vum Geza Anda Concours

Galaconcert vum Geza Anda Piano Concours an der Tonhalle vun Zürich mat de Gewënner Mihály Berecz, Dmitry Yudin an Ilya Shmukler.

Romantesch Empfindlechkeet

Eng Formatioun vun de Lëtzebuerger Philharmoniker hëlt Iech mat an d'Klangwelt vum Anatoli Liadov, der Tatsiana Zelianko an August Klughardt. Ländlech, imaginär a ganz zougänglech.

Aus Nördlichen Gefilden

Stiermesch Melodien, lëfteg Klangfaarwen a räich Harmonien

Bach meets Jazz mam Brad Mehldau

Jiddereen ass e Fan vum Bach: de Strawinsky, Webern an och ... d'Jazz Musekerinnen a Museker.
play_disabled

Fusioun vu Vollekslidder a Klassik

Den Norwegesche Radiosorchester spillt ënnert der Leedung vum Petr Popelka an dem Ingar Bergby Wierker vum Mozart, Dvořák a Ligeti.
play_disabled

I got rhythm

Gershwin, Bernstein, Copland a vill aner amerikanesch Komponisten
play_disabled

Chouermusek vu Monument bis Raritéit

Direkt zwee Anniversairë feiert de Mechelschouer dës Saison ; 175 Joer Chorale Saint Michel a 65 Joer mam Gerry Welter als Dirigent. Dat mat Wierker vu Schumann a Bach op hirem tra
play_disabled

E romantesche Potpourri mam Lang Lang

De Starpianist Lang Lang an d'Düsseldorfer Symphoniker mat engem Programm vu Mendelssohn bis Dvorák.
play_disabled

Mozart Forever - E Stéck Wien zu Bukarest

Fir d’Ouverture vum Magic Summer International Festival spillt de rumänesche Camerate regală e puer vum Mozart senge bekanntste Wierker.
play_disabled

Jonke Lëtzebuerger Quartett

De Yanis Grisó, d'Cathy Heidt, d'Sophie Urhausen an de Matis Grisó spillen hiren éischte gemeinsame Kammermusekconcert an der Philharmonie.
play_disabled
Wagner’s Legacy | © Casa da Música/João Messias

Wagner’s Legacy

De Leopold Hager, dee 15 Joer Chefdirigent vum RTL Orchester war, feiert säin 90. Gebuertsdag mat de Lëtzebuerger Philharmoniker.
play_disabled

Staark Fraen am Livematschnëtt vu Stockholm

D'Geiistin Isabelle Faust am Alban Berg sengem Geieconcerto an déi bekanntesten däitsch Sinfonikerin, d'Emilie Mayer
play_disabled

Zweete Pianosconcerto vun der Albena Petrovic

Bulgaresch Musek aus dem 20. an 21. Joerhonnert mam Bulgareschen Nationale Radio-Symphonieorchester
play_disabled