D'Axelle Fanyo ass eng franséisch Operesängerin a Sopranistin, déi mat hirer ganz charismatescher Stëmm a Perséinlechkeet ëmmer erëm verzaubert. Dat war och de Fall op hirem Concert an der Philharmonie um Kierchbierg de 4. Juni 2024. Do huet si zesumme mam Pianist Kunal Lahiry ee gemëscht däitsch-amerikanesche Lidderprogramm opgeféiert. De Concert war am Kader vun der Rising-Stars-Serie 2024, dank där den Duo op Concertstournée an Europa war. Ze héiere sinn ënner anerem Lidder a musikalesch Gedichter vun der Florence Price, dem Arnold Schönberg an dem Kurt Weill.
Programm:
- Kurt Weill: La complainte de la Seine; Je ne t'aime pas; Youkali
- Arnold Schönberg: Brettl-Lieder (Cabaret Songs)
Galathea; Der genügsame Liebhaber; Aus dem Spiegel von Arkadien (Langsamer Walzer)
- Sofia Avramidou: Entre les miroirs (Commande ECHO) (2023)
- Aaron Copland: Twelve Poems of Emily Dickinson
Nature, the gentlest mother; Going to Heaven!; Heart, we will forget him
- George Gershwin: The Man I Love (arr. Earl Wild)
- Traditional: Sometimes I feel like a motherless child
- Florence Price: Song to the Dark Virgin
- Margaret Bond: The Negro speaks of rivers
- William Bolcom: Cabaret songs
Song of Black Max; Toothbrush Time; George; Amor
- Francis Pouilenc: Les chemins de l'amour
Axelle Fanyo, Sopran
Kunal Lahiry, Piano
- Florence Price: Song of the Oak, The Oak
Württembergische Philharmonie Reutlingen
John Jeter, Dirigent