Zwee Wierker vum Dmitri Schostakowitsch dirigéiert de Semyon Bychkov un der Spëtzt vun der Tschechescher Philharmonie. Eemol den éischte Geieconcerto, vun deem de Komponist sot et wier den Ausdrock vun Depressioun a Roserei an datt do ëmmer eppes Ellenes dobäi wier. Dat anert grousst Wierk um Programm ass dem Schostakowitsch seng fënneft Sinfonie, déi dem Mstislav Rostropovich no eng Botschaft vu Leed an Einsamkeet ass, eng Botschaft vun engem, dee sech trotz allem beméit ze laachen.
Dëse Concert, presentéiert vum Remy Franck, kënnt Dir bis den ... an eiser Mediathéik lauschteren.
Programm:
- Dmitri Schostakowitsch: Geieconcerto Nr. 1, op.77
- Dmitri Schostakowitsch: Sinfonie Nr. 5, op.47
Interpreten:
- Jiří Vodička, Gei
- Czech Philharmonic Orchestra
- Semyon Bychkov, Direktioun