Mat Wierker vu Beethoven, Mozart a Mendelssohn-Bartholdy huet de Renaud Capuçon ee weidere Concert mat de Lëtzebuerger Philharmoniker an der Philharmonie gespillt. Mir loossen dëse Concert vum 27. Mäerz 2025 nach eemol Revue passéieren an dauchen an a Wierker vu Beethoven, Mozart a Mendelssohn-Bartholdy.
Huelt mam Lex Kauffmann Plaz an eisem 100,7-Concertssall. Nolauschtere kënnt Dir dëse Concert nach bis den 2. Juli 2025 an eiser Mediathéik.
Programm:
Ludwig van Beethoven (1770-1827)
- Die Geschöpfe des Prometheus op.43: Ouvertür
Wolfgang Amadeus Mozart (1756-1791)
- Concert fir Gei an Orchester Nr.3 a sol majeur KV 216
Felix Mendelssohn-Bartholdy (1809-1847)
- Sinfonie Nr.3 a la mineur op.56 "Schottesch"
Interpreten
Lëtzebuerger Philharmoniker
Renaud Capuçon, Dirigent a Solist