Mozart made in Manchester 30.12.2024 - 20h00 Huelt zesumme mam Joachim Fontaine Plaz am radio 100,7- an opus 100,7-Concertssall a genéisst dëse Concert vu Manchester.
Strauss, Bruch a Wagner 29.12.2024 - 20h00 En däitsche Komponisten-Trio am Géigesaz zu der franséischer Komponistin Mel Bonis.
Bach, Barock a Berlin? Net nëmmen! 29.12.2024 - 12h10 De Rundfunk-Sinfonieorchester vu Berlin spillt Musek vum Bach, mee och Rameau an Händel a weist Gespier fir d'Barockmusek. Och dobäi ass d'Klassik mat der "Militärsinfonie" vum Georg Friedrich Händel.
E Lëtzebuerger Rising Star: Benjamin Kruithof 26.12.2024 - 12h10 De Lëtzebuerger Cellist Benjamin Kruithof steet bei dësem Concert am Mëttelpunkt. Den 1. Oktober 2024 ass hien an der Serie Rising Stars an der Philharmonie opgetrueden, zesumme mam Pianist Marco Sanna.
Auf der gleichen Saite 25.12.2024 - 12h10 Aus der Rei vun de Concert-apéritif vun de Frënn vun de Lëtzebuerger Philharmoniker héiert Dir de Concert “Auf der gleichen Saite”.
De Christus-Oratorium vum Franz Liszt 22.12.2024 - 20h00 An dësem Live-Matschnëtt steet dee sielen opgeféierte Christus-Oratorium vum Franz Liszt um Programm.
Proffentrio aus dem Escher Conservatoire 22.12.2024 - 12h10 Vu Romantik bis hin zu Impressionismus an Jazz: Dräi Proffen aus dem Escher Conservatoire interpretéiere Wierker vun éischter onbekannte Komponisten an der besonnescher Konstellatioun vum Trio Piano, Flütt a Klarinett.
Dem Bruckner seng 7. Sinfonie 18.12.2024 - 20h00 200. Jubiläum vum Anton Bruckner: Den däitschen Organist Christian von Blohn interpretéiert déi 7. Sinfonie vum Anton Bruckner am Kader vun den Anton-Bruckner-Festspiller zu Diddeleng an der Mäerteskierch.
De Johny Fritz an d'Erna Hennicot-Schoepges am Gespréich 15.12.2024 - 20h00 Deenen zwou Lëtzebuerger Perséinlechkeete gouf am zweete Volume vum Lëtzebuerger Musekslexikon jeeweils en Artikel dediéiert.
Een Owend voller Brahms 15.12.2024 - 12h10 Huelt Plaz an der Genfer Victoria Hall a genéisst en Owend ganz am Zeeche vum Johannes Brahms.
Bruckner 4 um Uergelfestival 11.12.2024 - 20h00 Am Kader vun de Bruckner Festspiller spillt d'Bernadetta Šuňavská dem Anton Bruckner seng 4. Sinfonie a Mi bémol majeur.
"Sie ging ja nur vorbei" 09.12.2024 - 20h00 Den Trio Dora an d'Schauspillerin Fabienne Elaine Hollwege féieren op der Bün duerch der Dora Pejačević hiert Liewen.
The Inventor vum Bramwell Tovey 08.12.2024 - 20h00 Eng Oper geschriwwe vum fréiere Chefdirigent vun de Lëtzebuerger Philharmoniker.
50 years on - Friends of the Organ in Luxembourg 04.12.2024 - 20h00 Gebuertsdagsconcert vun Les Amis de l'Orgue Luxembourg
Alle Menschen werden Brüder 02.12.2024 - 22h10 Ganzer siwe Komponisten a Wierker presentéieren d'Solistes Européens, Luxembourg an engem Concert.
Wierker vun Elgar, Wennäkoski a Sibelius 02.12.2024 - 20h00 Den Deutsches Symphonie-Orchester Berlin ënner der Leedung vum Robin Ticciati