Dagdeeglech
Virun 353 Joer gouf d'Place d'Armes ageweit
3 min
D'Geschicht vun der Plëss geet an d'17. Joerhonnert zeréck. Virun der Gefor vun de Fransousen hunn d'Befestegungsanlage misse verbessert ginn. Deen hollännesche Gouverneur Comte de Monterey huet zesumme mam Militäringenieur Jean-Charles de Landas, dem Grof Louvigny, eng 95 Haiser an der Ënnerstad ofrappe gelooss mam Zil d’Festungsmaueren ze verstäerken.
D'Awunner aus deenen Haiser goufen an d'Uewerstad ëmquartéiert, wou virdrun d'Gäert vun de Franziskaner an de Jesuitte waren.
Déi zentral Plaz hat bis am 19. Joerhonnert e militäresche Charakter. An der Woch stounge just e puer Zaldote Wuecht ënnen an uewen op der Plëss. Samschdes haten eng zwanzeg Zaldoten aus der Garnisoun Waassercorvee an hu missen dat grousst Rad am Pëtz undreiwen.
Sonndes war grouss Parad, da sinn d'Infanteriebataillounen amarschéiert, un der Spëtzt d'Militärmusek.