arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
E pensionéierte Schoulmeeschter aus Käerjeng
De Fernand Felten ass zu Käerjeng gebuer, ass do an d'Schoul gaangen a Joren dono huet hie selwer do Schoul gehalen.
E Guide zu Käerjeng
De Fred Merens féiert schonn zanter Joerzéngten, Mënschen duerch d'Brauerei zu Käerjeng a mécht datt mat ganz vill Freed an Enthusiasmus.
Käerjenger Veräinsliewen
D'Veräiner si ganz wichteg fir d'Duerfliewen, egal a wéi engem Beräich se aktiv sinn. Mee wéi geet et de Veräiner dann zu Käerjeng?
Laang d'Wiertsfra vu Käerjeng
E Kaffi kann an engem Duerf eng Plaz sinn, op dem sech en Deel vum Duerfliewen ofspillt. D‘Veräiner treffen sech do oder heiansdo gëtt hei och d‘Lokal-Politik gemaach.
D'Bouwe vu Käerjeng
Den Noé Ewert, Deel vun de Käerjenger Bouwen, schwätzt iwwert d'Duerfliewen.
De Fraefussball zu Ell
De Paul Wilwerding, zanter 20 Joer Trainer vun der Eller Dammenekipp, erzielt wat besonnesch um Fraefussball zu Ell ass.
Beim Bauer zu Ell
De Ronny Goedert iwwert d’Landwirtschaft an der Gemeng Ell.
Déi bekannt Perséinlechkeete vun Ell
De Raymond Jans, gebiertegen Eller, erzielt iwwer berüümten Eller Perséinlechkeeten, notamment de Camille Ney, de Jean-Claude Juncker an de Jean Roeder.
D'Wiertsfra vun Ell
De Cédric Reichel am Gespréich mat der leschter Wiertsfra vun Ell, der Margot Colljin. Si huet bal 50 Joer laang de Café Beim Margot bedriwwen.
D'Veräinsliewen zu Ell
Den Henri Rasqué, fréiere Buergermeeschter schwätzt iwwert d’Veräinsliewen a wat Ell als Duerf ausmécht.
E Stack-Diddelenger
De Marc Schmitz ass zu Diddeleng gebuer a schwätzt driwwer wéi sech d'Duerfliewen zu Diddeleng iwwert d'Joerzéngte verännert huet, oder eben och net.
Mam Historiker zu Diddeleng
Et geet ëm eng Buerg, déi elo net méi zu Diddeleng steet oder ëm en Episod aus dem zweete Weltkrich.
Beim Wiert zu Diddeleng
De Clement Scherer huet viru Kuerzem eng Wiertschaft zu Diddeleng opgemaach an erzielt wéi en do empfaange gouf a wat seng Impressioune vun der Stad sinn.
D'Diddelenger Geschäftswelt
Wat ass wichteg an der Diddelenger Geschäftswelt, doriwwer geet dës Kéier Rieds mam Claude Leners Rieds, fréiere City Manager zu Diddeleng.
Beim Coiffeur zu Diddeleng
De Lee Schuller huet e Coiffeurssalon zu Diddeleng, e richtegen Diddelenger wann een esou wëll.
D'Chorale vu Knapphouschent
Wéi a villen Dierfer, gëtt et och zu Knapphouschent nach eng Chorale Sainte Cecile, déi awer lues a lues ëmmer manner Sänger:innen versammelt.
D'Fusioun zu Knapphouschent
De Francois Rossler war vun 1988 bis 2015 Buergermeeschter vun der Gemeng Eschweiler, also bis zur Fusioun mat der Gemeng Wooltz.
Champignone vu Knapphouschent
Zu Knapphouschent gëtt et nach e puer Véibetriber, mee zënter e puer Jore kommen och Champignone vun do uewen.
Den Téipeschmännchen vu Knapphouschent
De Lokalhistoriker Nico Hamen erzielt dem Cédric Reichel d'Geschicht vum Téipeschmännchen.
- 1
- 2