E puer Wierder iwwer Wierder
léif
5 min
Beim Caroline Döhmer gëtt et dës Kéier richteg léif: Am Fokus steet d'Wuert léif, dobäi geet et ëm d'Schreifweis an och ëm Urieden an der E-Mail.
S: D'Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – "e puer Wierder iwwer Wierder". Gutte Mëtteg Caroline!
C: Moien alleguer, moie Simon!
S: Wéi ee Wuert hues de eis haut matbruecht?
C: Haut geet et ëm "léif".
S: Wéi léif!
C: An zwar wëll ech hei e puer Nuancë beschreiwen aus der Orthografie an och nach e puer praktesch Detailer fir de Gebrauch vum Wuert.
S: Wat ass da besonnesch un der Schreifweis?
C: "Léif" ass elo keent vun de Wierder, wat vill falsch geschriwwe gëtt.
S: Wéi muss een et da schreiwen?
C: l é i f.
S: Also guer net sou komplizéiert, well sou hätt ech et och geschriwwen.
C: Jo, mee et gëtt trotzdeem intressant Aspekter, well just d'Aussprooch "léif" kéint elo mol vum Prinzip hier souwuel d'Adjektiv si fir "léif" (dat ass awer léif, e léift Kand), mee et kann och "de Léiw" sinn, fir de "Löwe". An hei gräift dann de Prinzip aus der Lëtzebuerger Orthografie, dass de "Léiw" als "Löwe" hanne mat "w" geschriwwe gëtt an "léif" fir "lieb" mat "f".
S: Mee se klénge jo d'selwecht, sos de. Firwat muss ech dat eent da mat "w" schreiwen?
C: Well mer eis bei bestëmmte Wierder um Däitschen orientéieren, dofir schreiwen ech Wierder wéi "eng Möw" oder "e Léiw" hanne mat "w", well mer och am Däitschen e "w" stoen hunn. A wann ech mer lo d'Wuert "léif", also "lieb" ukucken, hunn ech am Däitschen e "b", wat e komplett anere Laut ass an dofir kann ech am Lëtzebuergeschen da genee dee Laut schreiwen, deen ech héieren: f. Mir verhalen eis also: Um Enn vum Wuert muss ech bei verschiddene Konsonanten oppassen, wéi et am Däitsche geschriwwe gëtt.
S: Kann een dat och anzwousch noliesen?
C: Jo, dat steet alles an der aktueller Lëtzebuerger Orthografie, déi fannt Der ganz einfach, wann Der op Google "Orthografie" an "ZLS" agitt, well den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch déi als PDF zur Verfügung stellt. Dës Reegel steet iwwregens op der Säit 31 direkt mam Beispillwuert "Léiw" mat "w".
S: Ass notéiert.
C: Fir d'Iwwerleedung muss ech dir lo eng Fro stellen: Wann s du eng méi formell E-Mail oder e Bréif schreifs, deen op Lëtzebuergesch ass, wéi méchs de d'Uried? Also wat ass de Pendant zu "Sehr geehrter" oder "Cher" oder "Dear"?
S: ___
C: Hei komme mer lo bei e prakteschen Aspekt, well een awer ëmmer méi formell Schrëftkommunikatioun op Lëtzebuergesch huet, stellt ee sech vläit d'Fro, wéi sou eng offiziell Uried ass, well de "léif" huet awer iergendwéi nach ëmmer eppes Häerzeges, fënns de net?
S: ___
C: An do ass et da scho witzeg, wann een da schreift "léiwen Här Minister".
S: Geet dat dann?
C: Also ech hunn dat schonn oft gesinn an et ass och net ongewéinlech. Eng aner Optioun wier eng direkt Uried: Här Minister, mat dësem Schreiwes …
S: Am Privaten ass "léif" oder "léiwen" awer ganz normal, oder?
C: Jo, genee. Grad mat Virnimm ass dat jo och de Standard, mee am Lëtzebuergeschen huet een dat och op méi offizielle Plazen, dofir kann een de "léif" och do roueg benotzen. Et muss ee just mat der Schreifweis oppassen, well den "f" gëtt zu "w", wat ee jo och héiert: Léif Madamm Schmit (léif mat f), Léiwen Här Schmit (léiwen mat w).
S: Da soe mer der merci, léift Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier!
C: Merci och! An d'Schlusswuert ass: Äddi!
Presentéiert vum
- Simon Larosche