Dës Kéier geet et ëm de "Paradiesapfel", Silben an Orthografie.
S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et verréit - "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtte Caroline!
C: Moien alleguer, moie Simon!
S: Wéi ee Wuert hues de haut matbruecht?
C: Mäi Wuert vun haut ass Tomat. Hues de Tomate gär? An a wéi enger Form am léifsten?
S: ___
C: Ech si super frou mat Tomaten! Also meng guilty pleasure ass jo absolut Ketchup, well ech als Kand sou gär mat Nuddelsgratin mat Ketchup giess hunn. An ech weess net firwat, mee et gëtt esou Geschmäcker, déi huet een als Kand ofgespäichert an dat ass nach ëmmer sou Soulfood, wann een erwuessen ass.
S: Jo, dat kennen ech och!
C: Mee dat ass net mäi Punkt. Ech wëll haut méi iwwert d'Tomat soen.
S: Ah, wëlls de eis bestëmmt soen, dass eng Tomat kee Geméis ass, mee eng Fruucht.
C: Dat stëmmt, mee am Fong wollt ech eppes soen iwwer Orthografie an och iwwer Betounung an och vläicht, wou d'Wuert Tomat hierkënnt. No wéi enger Sprooch kléngt dat Wuert da fir dech?
S: Tomat ... Tomato? Spuenesch villäicht?
C: Jo, dat kéint een effektiv mengen, se staamt jo och aus Peru a Mexiko! Tatsächlech kënnt dat Wuert aus dem Azteekeschen an do schwätzt een et "Tomatl". Lo hu mir dat Wuert natierlech net am Lëtzebuergeschen direkt vun den Azteeke kritt, mee et ass iwwert d'Franséischt komm. An déi Däitsch hunn et och aus dem Franséischen. A wou d'Lëtzebuerger et elo hier hunn, ass net ëmmer ganz ze klären. Also generell kann ee sech ëmmer d'Fro stellen, ob e lëtzebuergescht Wuert elo vum Däitschen importéiert ginn ass oder vum Franséischen oder ob de gemeinsamen Afloss einfach dozou gefouert huet, dass mer e Wuert etabléieren. Dat heescht, wann déi Däitsch 'Tomate' soen a wann d'Fransousen 'tomate' soen, dann ass et natierlech net wäit hier, dass mir och eppes änleches maachen: Tomat.
S: Mee du wollts och nach eppes soen iwwert d' Betounung?
C: Jo, ganz genee. Pass op, vläicht héiers de jo, wéi eng Silb betount ass, wann ech am Franséische soen: tomate.
S: Dat ass déi lescht.
C: An wann ech am Däitsche soen: Tomate.
S: Mmh, dat ass déi zweet.
C: An am Lëtzebuergeschen: Tomat.
S: Do ass et déi éischt.
C: Dat heescht, mir hunn eemol lescht, zweet, éischt. A lo soen ech der: de Betounungsprinzip ass genau d'selwecht am Däitschen an am Lëtzebuergeschen: Et ass sou gesinn net éischt an zweet, mee et ass zweemol déi zweetlescht Silb: die toMAte, eng TOMat. An déi Reegel nenne mer, well mer esou frou si mat laténgesche Begrëffer an der Grammaire, déi nenne mer Penultima-Reegel. Hues de dat schonn héieren?
S: Also 'ultimo' seet mer eppes.
C: Ultimo heescht 'leschten' an ultima wier déi lescht Silb a Penultima ass déi virlescht Silb. Mir soen zwar oft, dass an zweesilbege Wierder déi éischt Silb betount ass, mee streng gesinn ass et déi zweetlescht Silb. Et kënnt zwar op dat selwecht eraus, mee et ass méi prezis, well ech et iwwer eng Reegel kann erklären.
E ganz schéint Beispill fir dee Prinzip ass am Däitschen: HanNOver an HannoveRAner. Do ass et dee selwechte Betounungsprinzip (penultima), awer net déiselwecht Silb.
S: Bei alle Wierder oder wéi?
C: Nee, mee am LB an am Däitsche bei ganz ville Wierder, also normalerweis hu mer, wa mer zwou Silben hunn, d'Tendenz, fir en Trochäus draus ze maachen, fir ze soen 'betount- onbetount'. Do gëtt et natierlech och Géigebeispiller, mee bleiwe mer mol bei der Tomat. Mer ware bei: TOMat ass vir betount um TOM. An doduerch, dass déi éischt Silb betount ass an den O kuerz ass, misst een den M am Fong verduebelen. Mee dat ass eppes, wou mer net verduebelen.
S: A firwat maache mer dat net?
C: Well do heescht et ëmmer, dass mer op déi sou genannt international Schreifweisen oppassen. An effektiv hu mer: the tomato, die Tomate, la tomate – déi sinn alleguer mat engem M geschriwwen, dofir iwwerhuele mer déi Schreifweis op där Plaz. Sou eppes nenne mer oft, gewinnt Schrëftbiller. Dofir gëtt dat net verduebelt. Reng theoreetesch misst een den M awer op där Plaz verduebelen. Vläicht kënnt dat jo iergendwann. Mer schreiwen also TOMAT.
S: A wat heescht Tomat oder Tomatl eigentlech?
C: Tomatl heescht sou vill wéi Schwellkörper, also prall Fruucht, well se jo sou extreem déck wiisst an och sou rout liicht a se einfach immens grouss a fleescheg ass.
S: O Caroline, do komme mer rëm a ganz speziell Sphären.
C: Jo, mee kuck, d'Tomat heescht jo och am 17. Jh Liebesapfel oder Paradiesapfel, do hues de haut jo nach am Éisträicheschen Paradeiser. Mee an déi Sphär vum Azteekeschen, also der indigener Sprooch aus Mexiko, där Pist gi mer d'nächst Woch och nach eng Kéier no. An do kann ech Iech soen, et geet nees ëm Iessbares.
S: Do si mer da gespaant a freeën eis op d'nächst Woch! Merci, Caroline!
C: Merci och! An d’Schlusswuert ass wéi ëmmer: Äddi!