Euranet Plus Podcast
Wat kann d'EU maachen, fir d'Migratioun besser ze steieren?
18 min
D’Migratioun e ganz sensibele mee eminent wichtege Sujet. Besonnesch vill Mënsche flüchten aus hirer Heemecht, fir an Europa e bessert Liewen ze fannen.
Wat erwaarden d’Bierger:innen an der Europäeschen Unioun am Kontext vun der Migratiounspolitik? Ass et eng adäquat Aarbecht, déi un de Lännergrenze grad wéi vun der europäescher Grenzagence Frontex geleescht gëtt? Wat sollen Europäer maachen, awer och d’Migranten, fir datt d’Integratioun besser gëtt?
Op dës Froe probéiert de Jean Claude Majerus am Euranet Podcast vum europäesche Radionetzwierk Euranet Plus Äntwerten ze fannen.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus