An den nächsten dräi Episod vun de Podcaste mat der Iwwerschrëft “Tomorrows Europe” oder “Europa muer” vum paneuropäesche Radionetzwierk “Euranet plus” beschäftegt de Jean Claude Majerus sech déi Kéier mat der aktueller Situatioun an Europa, mat där, datt de Krich nees zeréck um Kontinent ass, a wéi et soll weider goen, och am Kontext mat der dach destabiliséierter Situatioun am Wäissen Haus zu Washington zënterdeem den aktuellen US-President Donald Trump säin zweet Mandat iwwerholl huet an hie quasi all Dag mat neie Menacen oder neien Iwwerleeungen op sech opmierksam mécht.
An dat ass och e Grond dofir, datt Europa an déi Europäesch Unioun méi a méi konkret iwwer e Réarmement vun Europa nodenken, wat natierlech nees nei Froe lancéiert, ënner anerem: “Wéi wäit soll Europa goen?” oder och nach “Zu wéi engem Präis?”.
De Jean Claude Majerus huet Meenunge vun Experten an dësem Podcast zesummegedroen, ob Europa wierklech muss de Choix maachen tëschent “Welfare” oder “Warfare”.