D’Vertrauen ass eng grouss Erausfuerderung vun eiser aktueller Zäit. Datt een deem Anere vertraut hëlt méi a méi of, oder ass deels scho bal komplett verschwonnen. Dofir ass d’Iwwerleeung sécher net all ze vermessen, ob d’Generatioun vun haut dozou verdaamt ass, ze mësstrauen. Gëtt d'Skepsis zu Alles a Jidderengem lues awer e sécher e Standard an eiser Welt?
Genee dorëms geet et an dësem Podcast am Kader vun de Podcaste mat der Iwwerschrëft “Tomorrows Europe” oder “Europa muer” vum paneuropäesche Radionetzwierk “Euranet plus”. Ass d’Mësstrauen eng Suite vun de sëllege Krisen, déi mir erlieft hunn an nach erliewen: D’Wirtschaftskris, d’Pandemie, Kricher, Inflatioun, Chômage asw.
An doduerch huet d’Vertraue vun der Biergerinnen a Bierger an déi demokratesch Institutiounen, grad ewéi an d'Politik och ofgeholl. De Mënsch verléiert an der Zäit vun der “Permakris” d’Capacitéit sech ze erhuelen.
Fir de Radio 100,7 huet de Jean Claude Majerus un dësem Euranet Podcast matgeschafft.