Dann nach de leschte Podcast “Tomorrows Europe” oder “Europa muer” vum paneuropäesche Radionetzwierk “Euranet plus”, wou d’Consommatioun, d’Consommateuren an d’Rechter vun de Leit am Mëttelpunkt stinn.
Experten a der ganzer EU diskutéieren iwwer déi hannerhälteg Manéier, wéi Online-Marketing-Taktiken de Consommateur uschmieren, an dat geet vu ganz einfachen Iwwerzeegungsapprochë bis bei sophistiquéiert Forme vu Verhalensmanipulatioun.
Duerch den Asaz vun “Dark Patterns”, KI-generéiertem Profiling oder fiktiven Urgencë fänken digitale Servicer un, d’Decisioune vum Consommateur op eng Manéier ze beaflossen, wou all Transparenz an Autonomie net méi garantéiert ka ginn. Mee d’Reguléierung vun deem Ganzen hippt awer wéinst der rasanter Entwécklung ëmmer hannendran. Dëse Podcast mat vill Beispiller, wéi esou Frauden oder Arnaquë kënnen ausgesinn, a wéi ee sech méi oder manner gutt protegéiere kann, huet de Jean Claude Majerus zesummegestallt.