An dësem Podcast aus der Rubrik “Tomorrows Europe” oder “Europa muer” vum paneuropäesche Radionetzwierk “Euranet plus” geet et ëm Passagéierrechter.
Well Fluchpassagéier an der ganzer EU hu Rechter, wann hir Rees net wéi geplangt verleeft. Mee fir déi Rechter ze verstoen a se och duerchzesetzen ass net ëmmer einfach. Iwwerdeems d’Europäesch Unioun am gaangen ass d'Rechter fir Passagéier am Allgemengen ze iwwerschaffen, bleift et awer schwiereg fir déi Rechter bei de Consommateure bekannt ze maachen an dernieft bleift den administrativen Opwand grouss an d’Ëmsetze vun de Rechter ass net iwwerall d’selwecht.
De Jean Claude Majerus mécht an dësem Podcast en Iwwerbléck vun der Passagéierrechter an der EU a kuckt och, wou déi meeschte Problemer sinn.