Europa Aktuell
Wat sinn dem Emmanuel Macron seng Optiounen?
4 min
Gëschter Owend gouf d’Regierung vum franséische Premier Michel Barnier an der Assemblée nationale engem Mësstrauensvott ausgesat, deen däitlech géint si ausgaangen ass. 288 Stëmme waren néideg fir d’Ofsetzen, et waren der um Enn souguer 331. Et ass eng éischte Kéier zanter 1962, datt eng Regierung e Mësstrauensvott net iwwersteet. Kloer ass domadder, datt e Regierungswiessel kënnt an dat nëmmen dräi Méint no deem leschten. Ongewëss ass awer, wien elo d’Land regéiere kéint a virun allem wéi, well Neiwale ginn et fréistens am Summer, a Majoritéite ginn et keng an der Assemblée nationale. Eng denkbar schwiereg Ausgangslag, mengt eise Korrespondent zu Paräis, Max Tholl.
Presentéiert vum
- Max Tholl