Südtiroul läit am Norde vun Italien, mä ass eng Regioun, déi kulturell éischter éisträichesch wéi italieenesch wierkt an duerch déi beandrockend Dolomiten bekannt ass. Bis zum Enn vum Éischte Weltkrich huet Südtiroul zu Éisträich-Ungarn gehéiert, éier et 1919 Italien zougeschloe gouf – eng Geschicht, déi d'Identitéit vun de Mënschen do bis haut präägt. Haut liewen hei dräi Sproochegemeinschaften zesummen: déi däitsch-, italieenesch- a ladineschsproocheg Bevëlkerung. No laange Konflikter huet Südtiroul 1972 eng wäitreechend Autonomie kritt, déi d'Zesummeliewen an de Schutz vun de verschiddene Kulture reegelt. Wéi ass et als Südtirouler:in zu Lëtzebuerg a wat mécht des Regioun esou besonnesch? De Cédric Reichel am Gespréich mat derJohanna Tschurtschenthaler, dem Dr. Martin Kofler, der Stephanie Sorvillo an dem Antonio Dellagiacoma.
Musek:
Ganes - dlijia vedla
Max von Milland - Dahoam (Wo es seids)