Fräie Mikro
Firwat wiele Grenzgänger riets-nationalistesch Parteien?
4 min
A Frankräich ass de Sonndeg deen éischten Tour vun de Parlamentswalen. Déi Wale goufen noutwenneg, nodeems de franséische President Emmanuel Macron den Owend vun den Europawalen d'Opléisung vum Parlament ugekënnegt hat. De Grond war dat schlecht Resultat vu senger Partei an den Erfolleg vum Rassemblement National.
Bei den Europawalen an der franséischer Grenzregioun zu Lëtzebuerg gouf dee riets-populistesche Rassemblement National am meeschte gestëmmt. Firwat grad an enger Regioun, där hir Populatioun vun oppene Grenzen all Dag profitéiert fir bei eis schaffen ze kommen? Dat freet sech de Affekot a Mënscherechtsaktivist Frank Wies.