Genuddels a Gejiips
Den Elmo Hope, den Tenorio Jr. an den Alexander Claffy
60 min
Den Thelonious Monk an de Bud Powell kennen déi meescht Jazzfans als Begrënner vum Bebop-Piano. Mee den Elmo Hope hat awer op d'mannst esou eng wichteg Stëmm, déi sech leider awer manner duerchgesat huet. Op sengem Gebuertsdag entdecke mir säi Spill.
Den Tenorio Jr. ass ee wichtege Pianist aus dem Bossa Nova, deen op esou munch ikonescher Plack matspillt. Deen nach jonke Bassist Alexander Claffy huet scho säin zéngten Album als Leader erausbruecht: Memento featured eng staark Band, mat ënner anerem dem Kurt Rosenwinkel op der Gittar.
Playlist:
1Elmo Hope - De Dah
2. Elmo Hope - Fosterity
3. Elmo Hope - All the Things you Are
4. Alexander Claffy - Tokyo
5. Alexander Claffy - Jinriksha
6. Alexander Claffy - Power Station
7. Tenorio - Fim de Semana em Eldorado
8. Tenorio - Inutil Paisagem
9. Tenorio - Nuvens
10. Gal Costa - Pontos de Luz
11. Kaytranada - Lite Spots
Presentateuren
- Pol Belardi
- Pit Dahm