Genuddels a Gejiips
Mehldau-Turner-Bernstein, Jazz Crusaders an de Christian Sands
60 min
1994 ware si fir d'éischt zesummen am Studio an hunn eng nei Generatioun vun Jazzmuseker matbestëmmt:
de Brad Mehldau, de Mark Turner an de Peter Bernstein. Zesumme mam Larry Grenadier am dem Bill Stewart
brénge si mat "Solid Jackson" en neien zolitten Album eraus, 20 Joer duerno. Dëse weist, wéi gutt si al goufen a geräift sinn.
D'Jazz Crusaders ëm de Pianist Joe Sample sinn ee Manifest vun der grooveger Fusion-Musek, an de Chrisitan Sands
bréngt mat “Embracing Dawn” en hoffnungsvollen neie Longplayer eraus.
Presentateuren
- Pol Belardi
- Pit Dahm