Pünktlech fir déi dräizéngt Editioun vum Festival "Like a Jazz Machine" zu Diddeléng huet den Arthur Possing eis säin neien Opus "Homes" matbruecht. Live war d'Musek de Sonnden, den 11. Mee fir d'éischt Opderschmelz ze héieren. Als drëtten Album vu séngem Quartett, dat nieft dem Arthur um Piano de Pierre Cocq-Amann op allen Zorte Saxofonen a Flütten, de Sebastian "Schlapbe" Flach um Bass an den Niels Engel op der Batterie matbréngt, ass als Special Guest de madagassesche Gittarist Joel Rabesolo ze héieren. Den Arthur zielt eis am Interview mam Pit Dahm a Pol Belardi méi Detailer.
Playlist:
1. Arthur Possing feat. Joel Rabesolo – Trano
2. Arthur Possing feat. Joel Rabesolo – Inty Hira inty mampanontany
3. Jaojoby - Alima
4. Arthur Possing feat. Joel Rabesolo – Chopin & Rilke
5. Arthur Possing feat. Joel Rabesolo – Radio World
6. Oscar Peterson Trio – D& E
7. Oscar Peterson Trio – People