De Mathias Eick bréngt ganz konsequent zënter 2008 all 3-4 Joer en neien Opus um bekannte Label ECM eraus. Ëmmer wonnerschéin, déifgrënneg skandinavesch Kläng, geleet vu sengem feutréierte, lëftegen Trompettespill.
De Reggie Workman ass e Kontrabassist, dee vill Leit éischter just als Sideman vu Museker wéi dem Wayne Shorter kennen. Hien ass nach ëmmer aktiv an huet och als Leader seng Emprunte gelooss.
Dem Batteur Peter Gall säin Opus “Love Avatar” gouf mam däitschen Jazzpräis fir dee beschten Album ausgezeechent, an dëst wuel verdéngt, wéi Pit Dahm a Pol Belardi fannen.