arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
E verschléckte Knätsch bleift 7 Joer am Mo
Ee vu villen Alldagsmythen, déi een esou héiert. De Simon Larosche an d'Cally Kerschen huelen sech deem an dëse Episod un.
D'Neel wuessen nom Doud weider
Dat ass awer just en Androck, deen ee kann hunn. Dat kennt dohier, datt datt d'Haut nom Dout ausdréchent an sech zesummen zitt.
Mais hunn am léifste Kéis
Grad an den ale Cartoons, gesäit een, datt Mais näischt léiwer hu wéi Kéis. Mee esou stëmmt dat guer net.
Ass den Elon Musk mam Sydney Sweeney zesummen?
Et si Fotoen opgedaucht, op deenen een déi zwee Prominenter kusse gesäit. Wéi esou dacks an der Lescht, sinn dat awer KI-generéiert Fotoen.
Eng Mënz kann eng Persoun ëmbréngen
Et geet dës Kéier ëm de Mythos, datt eng Mënz, wa se nëmme vun héich genuch eroffält, e Mënsch ëmbrénge kann. Wat esou awer guer net stëmmt.
De Mënsch huet nëmme 5 Sënner
Dat gëtt gäre gesot, ass esou awer guet net wouer!
Spannen am Schlof verschlécken?
8 Spanne soll e Mënsch pro Joer am Schlof verschlécken, esou heescht et. Do ass awer guer näischt drun.
Sushi bedeit réie Fësch
Vläicht hu Dir och scho mol héieren, datt dat japanescht Wuert Sushi réie Fësch bedeit. Dat ass awer guer net esou. Dat Wuert bezitt sech éischter op de Räis.
Koffein entzitt dem Kierper Waasser
Kaffi ass fir vill Mënschen en essentielle Bestanddeel vum Liewen. Datt Koffein de Kierper deshydratéiert, stëmmt esou awer guer net.
D'Hoer wuessen nom Raséiere méi séier
En Alldagsmythos, dee sech hartnäckeg hält, un deem awer näischt drun ass.
Zocker mécht d'Kanner hyperaktiv
E Mythos, dee gäre ronderëm erzielt gëtt. Verschidden Etüden hunn awer bewisen, datt do näischt drun ass.
Den Einstein war e schlechte Schüler
Dat héiert een ëmmer erëm. Mee wat huet et mat der Behaaptung op sech?
Eise Jongfraen
En Objet, mat deem d'Leit am Mëttelalter anscheinend gefoltert goufen, mee dofir gëtt et keen historesche Beweis.
5 Sekonnen-Reegel
Et gëtt jo gäre gesot, datt ee Liewensmëttel, déi op de Buedem gefall sinn, nach iesse kann, esou laang ee se séier genuch nees ophieft. Mee stëmmt dat och?
Wikinger-Helmer
Wann een un d'Wikinger denkt, denkt een un hir Helmer mat den Haren op der Säit, Bild, dat een aus Filmer a Comics kennt. Mat der Realitéit huet dat awer näischt ze dinn.
Fangerneel
Et gëtt de Mythos, datt wäiss Flecken op de Fangerneel bedeiten, datt een en Närstoffmangel huet. Wat sou awer guer net stëmmt.
Mammemëllech a Nieren
Zu dem Theema ginn et vill Mythen, déi guer net stëmmen.
Verschidde Geschmaachszonen op der Zong?
Dat ass e Mythos, deen esou guer net stëmmt.
Wéi kleng war den Napoleon?
Et gëtt dacks behaapt, datt den Napoleon ganz kleng war. Wat awer guer net stëmmt, mee éischter op englesch Propaganda aus der Zäit zeréckzeféieren ass.
- 1
- 2