arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
Fernand Lepage
D'Pensiounskeess huet zanter dem éischte Juli en neie President: de Fernand Lepage iwwerhëlt Pensiounsreserven, déi sou héich sinn, wéi nach ni virdrun.
Marc Crochet
Mam Co-Vize-President vun der FEDAS schwätze mer iwwert d'Missioun an d'Fuerderunge vun der rezent gegrënnter "Federation des acteurs du secteur social".
Franz Clément
Brauch eis Gesellschaft een neit Verständnis vun der Aarbecht? De Chercheur beim LISER schwätzt iwwer de séieren technologesche Wandel.
Pascal Ricquier
D'Policereform trëtt haut a Kraaft. Laang an deelweis hefteg war iwwer de Gesetzesprojet diskutéiert ginn. Ee Gespréich mam President vun der Policegewerkschaft SNPGL.
Christian Wester
Wochelaang héich Temperaturen a kee Reen - wat bedeit dat fir d'Landwirtschaft? Doriwwer geet rieds mam Bauer a Member vun der Bauerenzentral.
Erik Schneider
Transgender- an Intersex-Persoune kënnen Numm a Geschlecht méi einfach änneren. De Psychiater schwätzt iwwer den Impakt vum neie Gesetz.
Philippe Ernzer
Mam (jonke) Mann vu Météo Boulaide, deem seng Facebook-Säit méi Follower huet wéi déi vum Xavier Bettel, geet rieds iwwer ... d'Wieder.
Serge Eberhard
De Syndikat vun de Kierchefabricken huet seng éischt Klo géint Bistum an Inneministère verluer. Wéi geet et fir de SYFEL weider? De President erkläert.
Jean Bofferding
De Beruff vum Osteopath ass unerkannt, huet awer nach kee Statut. De President vun der Ostheopathenassociatioun ALDO iwwer d'Reglementatioun.
Fernand Ernster
Salairë stoppen, eng besser Beruffsausbildung, liberaliséiert Ouvertureszäiten .... de CLC-President iwwert d'Fuerderunge vum Handel un d'Parteien
Georges Engel & Myriam Cecchetti
Den LSAP-Buergermeeschter vu Suessem an d'Gemengeréitin vun déi Lénk diskutéieren iwwer de Contournement vu Käerjeng.
Pascale Junker an Emile Grandgenet
A regionale Laboratoiren gouf iwwer déi zukünfteg Entwécklung vum Land diskutéiert mam Zil, de Programme directeur de l'aménagement du territoire auszeschaffen.