Jazz Club
Walther Smith III
60 min
De Walther Smith III ass eng wichteg Stëmm an der Welt vum Tenor-Saxophon. Joergang 1980, huet hie sech en Numm gemaach als Bandleader, Komponist an och Enseignant, an dëst huet him d'Positioun vum Chef vum Holz-Bléiser-Departement um Berklee College of Music abruecht. Säit sengem Debut um Label "Fresh Sound, New Talent" am Joer 2006 huet sech vill gedoen, hien ass mëttlerweil um prestigiéise "Blue Note"-Label signéiert an huet als Leader a Sideman op enger Abberzuel vun Albe gespillt. An dësem Jazz Club presentéiert hie säi Quartett mam Danny Grissett, dem Joe Sanders an dem Bill Stewart live um INNtöne Jazz Festival. Presentéiert vum Pit Dahm a Pol Belardi.
Presentateuren
- Pol Belardi
- Pit Dahm