arrow_back_ios

Jazz Club

Musek a Kultur / Jazz Club

/ De Mathias Eick Quartet live aus dem Rolf Liebermann Studio vum NDR

De Mathias Eick Quartet live aus dem Rolf Liebermann Studio vum NDR

Lauschteren play_arrow
headphones

60 min

Den norwegesche Mathias Eick steet fir ee lëftegen a vasten Trompette-Sound, dee sech iwwer d'Joren zu sengem Markenzeechen entwéckelt huet. Mee och kompositoresch héiert een déi skandinavesch Landschaften a senger Musek. Bei senge ville Releasen op ECM héiert een ëmmer erëm schéin a gräifbar Melodien, waarm Harmonien a vill Plaz. Mat sengem Quartett mam Kristjan Randalu um Piano, dem Ole Morton Vagan um Bass an dem Hans Hulbaekmo op der Batterie kléngt de Repertoire awer méi verspillt, dynamesch an interaktiv. Fir dëse Concert spillt d'Band de komplette Set vun der leschter Plack "Lullaby".


Playlist:

01. Mathias Eick - September

02. Mathias Eick - Lullaby

03. Mathias Eick - Partisan

04. Mathias Eick - Hope

05. Mathias Eick - May / Free / Vejle (for Geir)

mic_none

Presentéiert vum

Episoden